No 13 Joer Biergerkrich bleiwen d'Ae weltwäit op Syrien geriicht, fir erauszefannen, ob déi nei Muecht d’Land stabiliséiert kritt.

Dee schwéiere Konflikt huet d’Land sektäresch an ethnesch gespléckt an de Kommandant vun de Rebellen huet ugekënnegt, keng Gnod gëllen ze loosse géint déi, déi Prisonéier ëmbruecht oder gefoltert hunn.

De Petz Bartz huet mat Syrer zu Lëtzebuerg iwwert hir Hoffnungen a Gedanken zu deem dramatesche Wiessel an hirer Heemecht geschwat.

Honnertdausende sinn ëmkomm a Syrien an dat Land erëm nei opzebauen, ass eng kolossal Erausfuerderung. Syrien war iwwer 5 Joerzéngte laang ee vun de repressiivste Policestaate weltwäit. Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch hunn d’Rebellen Deir-Ezzor, Direktioun Irak laanscht den Euphrat, befreit. Hayat Tahrir al-Sham huet elo d’Responsabilitéit, d'Gewalt am Land z’ënnerbannen, den Affer Gerechtegkeet zoukommen ze loossen an international Hëllef zougeséchert ze kréien.

De Shafi Badreddin ass Dirigent a lieft zanter 14 Joer zu Lëtzebuerg. 14 Joer laang war hien net zeréck a seng Heemecht.

D’Rima Abobaker ass elo zanter 8 Joer hei zu Lëtzebuerg an huet haut hire Master an der Psychologie op der Uni Lëtzebuerg ofgeschloss.

Den Tawfik Alhalabi ass Buschauffer. Hien huet 2015 Syrien als Flüchtling verlooss, als jonke Mann, just mat Zäit, ier e vum Assad-Militär agezunn an an de Krich geschéckt gi wier.

Shafi Badreddin – Komponist an Dirigent vun as-Suwaida:

Wat Hayat Tahrir al-Sham ugeet, hunn ech vu Frënn dohannen héieren, si wiere frëndlech, si géifen d’Leit gutt behandelen a si versprieche Fridden. Et si bis elo just Wierder, mir hunn nach keng Beweiser gesinn. Mee déi Leit si Syrer an duerfir hu mer e gutt Gefill. Ob et Islamiste sinn ech net sécher, well an den neie Reegele schwätze se vu Glawensfräiheet a Fraerechter. Ech mengen net, dass se Islamiste sinn. Si si muslimesch, wéi d’Majoritéit vun de Leit a Syrien.

RTL

© RTL

Tawfik Alhalabi – Buschauffer vun Damaskus:

Déi Eenheeten, déi an Damaskus eragoungen, si vun der Tierkei ënnerstëtzt. Ech mengen, wa se wëlle vun de Syrer acceptéiert ginn, musse se fir d’Syrer schaffen. Si mussen hiren Deal mat der Tierkei kënnegen a mat Syrer schaffen.

Et ass nach ëmmer Krich am Land an Hayat Tahrir al-Sham musse Kompromësser maachen. Si mussen en Accord fanne mat de Kurden an e Syrien maache fir all d’Syrer. Mir sollen elo net dee selwechte Feeler maache wéi den Assad-Regime. Den Assad-Regime huet just fir sech gesuergt a fir en enke Krees. Dat däerf net sinn. Dat neit Syrien muss demokratesch Wäerter respektéieren.

RTL

© RTL

Rima Abobaker, Psychologin vun Aleppo

Dee Moment, wou ech d’Noriicht héieren hu vum Enn vum Assad-Regime, hunn ech natierlech direkt geduecht: ech ginn zeréck. Meng Famill, mäi Land a meng Heemecht erëmgesinn… Duerno hunn ech iwwerluecht. Ech brauch Zäit, mee ech géif gär zeréckgoen. Ech kucken elo déi nächst Wochen a Méint d’Situatioun dohannen. No 8 Joer elo ass Lëtzebuerg och meng Heemecht, mee ech wéilt gären dozou bäidroen an hëllefen, onst Land erëm opzebauen. Et ass net nëmmen, well ech Syrien vermëssen, mee ech gesinn et als meng Flicht.