Iwwergangspremier rifft d'Syrer am Ausland op, zréck an hiert Land ze kommen
An engem Interview mat der italieenescher Dageszeitung Corriere della Sera sot de Mohammad al-Bachir, Syrien wier elo e fräit Land.
D'Syrer am Ausland géinge gebraucht ginn, fir d'Land nees opzebauen. D'Situatioun am vum Biergerkrich gebeidelte Land bleift awer onsécher.
D'Fanny Kinsch mat engem Update vun den neisten Entwécklungen.
Bis den 1. Mäerz soll de Mohammad al-Bachir d'Land als Iwwergangspremier leeden. Hie war virdru Chef vun enger Regierung, déi d'islamistesch Miliz HTS an der Rebellenhéichbuerg Idlib am Nordweste vum Land ausgeruff hat. Rebellegruppéierunge ronderëm d'Haiat Tahrir al-Scham haten de Weekend Damaskus eruewert an hunn de laangjäregen Diktator Bashar al-Assad gestierzt. Bei engem Treffen zu Damaskus soll mat Ministere vun der Regierung vu bis elo iwwert den Iwwergang geschwat gi sinn, dee béid Säite Berichter no ouni Reiwungen iwwert d'Bün brénge wëllen.
Ënnert anerem den däitschen Terrorismusexpert Peter Neumann huet awer Zweiwel dorunner ausgedréckt, datt Syrien sech wäert a Richtung Demokratie a Rechtsstaatlechkeet entwéckelen. D'HTS hätt sech zwar scho viru Jore vun der al-Qaida distanzéiert, hätt méi rezent awer zum Beispill d'Taliban als Virbild genannt. Am heute-journal op ZDF huet den Expert gewarnt, datt d'Land kéint gespléckt ginn, wat net gutt fir d'Stabilitéit wier. D'humanitär Situatioun a Syrien ass der UNO no aktuell och weider kritesch.
Nieft sengem Appell un d'Syrer, heem ze kommen, huet de Mohammad al-Bachir an der italieenescher Press och verséchert, datt d'Rechter vun alle Glawensgemeinschafte respektéiert géinge ginn. Hien huet vun engem falsche Verhale vu verschiddenen islamistesche Gruppe geschwat, déi d'Bedeitung vum Islam verdréint hätten.
De Leader vun der kathoulescher Kierch Poopst François huet bei senger Audienz am Vatikan vun engem historesch delikate Moment fir Syrien geschwat. Hie géing enk suivéieren, wat a Syrien geschitt an dofir bieden, datt d'Syrer a Fridden a Sécherheet kéinten zesummeliewen, mat Frëndschaft a Respekt tëschent deene verschiddene Reliounen.
Aus dem Iran, dem Alliéierte vum gestierzte Bashar al-Assad, heescht et, den Enn vum Assad-Regime géing den Iran net schwächen. A senger éischter Ried zanterdeem den Assad gestierzt gouf, sot den Ieweschte reliéise Leader Ayatollah Ali Khamenei, den Iran wier staark a géing nach méi staark ginn. Hien huet d'USA, Israel an een Nopeschland vu Syrien dat en net beim Numm genannt huet beschëllegt, zum Stuerz vum Assad-Regime bäigedroen ze hunn.
Vum aneren Assad-Alliéierte Russland heescht et, et wier een a Kontakt mat deenen déi d'Muecht a Syrien iwwerholl hunn, fir iwwert d'Zukunft vun de russesche Militärbasen am Land ze diskutéieren. E Spriecher vum Kreml huet den Impakt vum Enn vum Assad-Regime op den Afloss vu Russland an der Regioun erofgespillt. Russland hat 2015 an de syresche Biergerkrich agegraff, zu Gonschte vum Assad.
Israel dann huet eegenen Aussoen no bal 500 Ziler a Syrien bombardéiert zanter dem Muechtwiessel. Hei soll et ëm militäresch Strukture goen. D'Marinn wier quasi komplett versenkt ginn, esou den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz. Den däitschen Terrorexpert Peter Neumann sot am heute-journal, hie géing dovunner ausgoen, datt Israel wéilt sécher stellen, datt egal wéi keng Menace méi vu Syrien ausgoe kéint an dowéinst warscheinlech 70 bis 80 Prozent vun de syresche Militärsitten zerstéiert hätt. Aner Länner am Noen Osten an och d'UNO kritiséieren d'Attacke vun Israel op Syrien.
Am Oste vu Syrien hunn d'Kurden, déi do un der Muecht sinn, iwwerdeems eng Wafferou mat pro-tierkesche Gruppen zu Manbij annoncéiert. 218 Mënsche sinn do an de leschten Deeg bei de Konflikter ëmbruecht ginn. Ënner US-amerikanescher Mediatioun hätt een en Accord fonnt.
Den US-Ausseminister Antony Blinken soll e Freideg an d'Tierkei reesen, fir iwwert d'Entwécklungen a Syrien ze beroden, esou eng offiziell tierkesch Source géigeniwwer der franséischer Presseagence.