Bei de Pirate gouf e Samschdeg op engem Kongress zu Péiteng iwwert eng Statutenännerung bei der Partei ofgestëmmt.

D'Membere konnten déi lescht zwou Woche schonn online iwwert déi nei Statuten ofstëmmen. Um Online-Vott hunn 29 Persounen deelgeholl an zu 76 Prozent mat "jo" ofgestëmmt. Et goufe 14 Prozent Enthalungen an 10 Prozent "Nee"-Stëmmen. Am Sall zu Péiteng hunn e Samschdeg de Moien nach emol 30 Leit ofgestëmmt. Hei waren 28 Memberen fir eng Ännerung vun de Statuten an eng Persoun dogéint. Et gouf ausserdeem eng Enthalung. Déi nei Statuten goufen deemno mat 93 Prozent vun de Stëmmen ugeholl.

Bei der Wal vun den neie Parteileedungsmembere goufen alle siwe Kandidaten ugeholl (Camille Liesch, Claude Legrand, Gilles Mertz, Joel Krack, Killian Saffran, Raymond Remakel, Steve Fuchs).

Allgemeng soll d’Verantwortung an der Partei op méi Schëllere verdeelt ginn. Mam Ben Lomel, dem Claude Legrand an dem Starsky Flor gëtt d’Piratepartei vun elo un vu n dräi Exekutivmembere koordinéiert. Den Trésoriersposte verdeelt sech op zwou Persounen, nämlech d’Paula Couto an de Raymond Remakel. Si fënnef, grad ewéi déi siwen nei Leit vun der Parteileedung, goufen souwuel online, wéi och um Kongress selwer vun enger Majoritéit gewielt.

Duerch déi turbulent lescht Méint krut de Parteikongress nach eng aner Bedeitung. D'Partei schwätzt bei den Ännerunge vu méi Transparenz, Effizienz a Participatioun. Ënnert anerem soll d'Parteileedung méi breet opgestallt ginn an d'Finanzen anescht geréiert ginn. Wéinst dem Ëmgang mat de Parteifinanze stoungen d'Piraten an de leschte Méint ëmmer nees an der Kritik.

D'Prozedur fir Statuten ze ännere gouf lancéiert nach iert d'Affär ëm d'Sproochenapp fir Flüchtlingen (MALT) ëffentlech gouf, wouduerch et zu interne Streidereie bei der Partei koum. Eng Partie Membere sinn doduerch ausgetrueden an hunn d'Partei gewiesselt, notamment den Deputéierte Ben Polidori, deen elo bei der LSAP ass. D’lescht Joer haten d’Piraten offiziell 806 Memberen, aktuell sinn et der nach 731.

Wat gesinn déi nei Statutte vir?

Déi nei Statutte vun der Partei solle méi effikass, méi transparent, méi modern sinn a méi Bedeelegung erméiglechen. Et wéilt een och besser preparéiert sinn, sot de Marc Goergen a senger Usprooch, fir wa Leit just géife bäitrieden, fir selwer Karriär ze maachen, an duerno bei eng aner Partei wéilte wiesselen. Sou soll eng Konventioun agefouert ginn, déi d’Rechter a Flichte vu Kandidaten a Mandataire festleet: "Dee, wou lo gaangen ass, hätt säi Sëtz an der Chamber warscheinlech bei enger anerer Partei net kritt", sot de Marc Goergen an huet domat kloer den Ex-Piraten-Deputéierte Ben Polidori viséiert.

De Kongress huet e Samschdeg de Moie knapp annerhallef Stonn gedauert. En ass organiséiert a roueg iwwert d’Bün gaangen. Um Enn huet de Marc Goergen nach emol d’Wuert ergraff. Hie war vun 2019 u Koordinator vun der Piratepartei, elo bleift hie "just nach" Deputéierten. Hie krut vu sengem Parteikolleeg Tommy Klein Merci gesot fir säin Engagement. Un déi nei Leedung war et den Appell, net opzeginn. Et wier sécherlech net ëmmer einfach an et kéint een ni jidderengem zefridde stellen.

"Mir gleewen drun, datt mir d’Zukunft kënnen an d’Hand huelen, mat Innovatioun, Matgefill an engem feste Glawen un eis gemeinsam Missioun. Mir wëllen dass all Member, datt seng oder hir Stëmm zielt. Datt all Iddi wichteg ass an datt mir zesumme staark genuch sinn, fir wierklech eppes ze änneren", sot de Ben Lomel a senger éischter Ried als ee vun den neie Koordinatore vun der Piratepartei.

Déi zwee Deputéiert Marc Goergen a Sven Clement hunn um Kongress zouginn, datt hir Verhältnis ënnertenee wuel net méi op gudder Frëndschaft baséiert, mee dass ee professionell an der Chamber am Interêt vun der Piratepartei an alle de Bierger zu Lëtzebuerg géif wieder zesummeschaffen.