Vill Éieregäscht an impressionant Andréck zu Hamm
Zéngdausenden Zaldoten an honnerten Zivilisten hunn an der " Battle of the Bulge" hiert d'Liewe gelooss.
Dëse Weekend sinn zu Baaschtnech an zu Hamm feierlech Commemoratiounszeremonien, fir un den 80. Joresdag vum Ufank vun der Ardennenoffensiv z'erënneren. Zu Baaschtnech haten awer schonn e Freideg verschidden Expoen opgemaach, dat ënner anerem an den eenzele Krichsmuséeën.
E Samschdeg de Moien um 10 Auer war dann um US-Militär-Kierfecht zu Hamm eng markant Gedenkfeier, wou ënnert den Éieregäscht och déi belsch Kinnekskoppel, d'Grande-Duchesse an de Grand-Duc an och d’Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola derbäi waren.
Och Delegatiounen aus dem US-Kongress hu fir de Weekend den Deplacement iwwert den Atlantik gemaach, fir de 5.000 Zaldoten ze gedenken, déi zu Hamm hir lescht Rou fonnt hunn.
De Marc Hoscheid war e Samschdeg fir RTL op der Commemoratioun an huet sech mat éischten Andréck eragemellt. D'Stëmmung wier gutt an op alle Fall, net ënnerkillt, dat wéinst engem Risenzelt, dat tëscht der Kapell an de Griewer opgebaut gouf.
Ënnert de Gäscht, déi ëm 10 Auer present waren, waren op Lëtzebuerger Säit nieft der groussherzoglecher Koppel an dem Premier Luc Frieden och eng ganz Rëtsch u Ministeren, den EU-Kommissär Christoph Hansen, d'Éierestaatsministeren Jean-Claude Juncker a Jacques Santer, de General Steve Tull, eng ganz Partie Deputéiert a Buergermeeschteren. Bei den Invitéen aus dem Ausland géif natierlech déi belsch Kinnekskoppel erausstiechen.
Déi komplett Riede vum Grand Duc Henri, dem Premierminister Luc Frieden an engem Veteran zu Hamm
A Presenz vu fënnef US-Veteranen, vun deene jidderee méi wéi 100 Joer huet, gouf e Samschdeg dann och méi wéi eng Kéier vun de verschiddene Riedner betount, datt een d’Vermiechtnes vun den Zaldote an Éieren hale misst, andeems ee sech fir Demokratie, Fräiheet a Fridden asetzt. De Premier Luc Frieden huet an deem Kontext op d’Bedeitung vun der europäescher Unioun verwisen a betount, datt internationaalt Recht respektéiert misst ginn.
Schonn am Laf vun de leschte Woche gouf op verschidde Plazen am Land un d'Ardennenoffensiv erënnert, absënns natierlech am Éislek, wou d'Offensiv vun den däitschen Truppen déi meescht Affer gefuerdert hat.
Weider Reportagen an Detailer den Owend bei eis am Journal an op RTL.lu!
An engem Podcast, deen ee vun e Méindeg un ënnert anerem op eiser Plattform RTL Play fënnt, kuckt eise Redaktiounskolleeg Marc Hoscheid mat ville Gespréichspartner, Aenzeien an Historiker op d'Evenementer vun deemools zeréck.