Nom Accident an der Schleis op der Musel gouf decidéiert, d‘Méiglechkeet ze schafen, fir d‘Sonndesfuerverbuet fir Camionen temporär opzehiewen.

Dat soll an Zukunft fir maximal 6 Méint méiglech sinn, fir esou de Wuerentransport ze garantéieren. Wéinst dem Accident op der Musel mussen e puer Milliounen Tonne Wueren aktuell per Camion transportéiert ginn.

Déi däitsch Autoritéiten hunn dëst hirersäits och scho fir den däitschen Territoire decidéiert.