Sonndesfuerverbuet fir Camione gëtt fir eng Zäit opgehuewen
Déi Annonce huet d'Verkéiersministesch vu Rheinland-Pfalz Daniela Schmitt gemaach. Domadder reagéiert een op déi futtis Schleis zu Müden.
E Freideg an der Mëttesstonn waren de Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz Alexander Schweitzer a seng Verkéiersministesch zu Müden, fir sech de Schued, deen do e Méindeg entstanen ass, genee unzekucken. Mat den zoustännegen Autoritéite war dann och eng Reunioun geplangt, fir ze kucken, wéi et soll weidergoen.












Am Virfeld vun dëser Reunioun souz den Alexander Schweizer mam Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel, esou wéi de Kolleegen aus der Belsch, dem Saarland, dem Grande-Est an der Wallonie zesummen. Si hunn him all d'Ënnerstëtzung zougesot, fir e Virgoen, fir d'Problematik nom Tëschefall ze léisen. D'Musel ass nämlech wichteg fir de Wuerentransport an der Groussregioun an duerch den Accident vun der Schleis mussen d'Wueren elo iwwer aner Weeër transportéiert ginn.
An deem Kader war et dann d'Annonce vun der Daniela Schmitt, datt een de Sonndesfuerverbuet fir Camionen a Rheinland-Pfalz fir eng gewëssen Zäit géif ophiewen, fir domadder de Wuerentransport, deen net méi ongehënnert iwwert d'Musel ka lafen, ze entlaaschten. Och solle méi Wuere wärend den Aarbechten un der Schleis iwwert d'Schinn transportéiert ginn.





































