Méi Recettë sinn net de Verdéngscht vun CSV an DP

© Chambre des députés
Déi massiv Hausse vun de Steierrecettë fir de Staat sinn net de Verdéngscht vun der CSV-DP-Regierung, och wann déi sech dat gär op de Fändel schreift.
Dat hunn d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an d’gréng Deputéiert Sam Tanson um Mëttwoch an der Chamber deklaréiert, nodeems de Finanzminister Gilles Roth déi nei Zuele presentéiert huet. Déi zousätzlech Recettë wieren haaptsächlech dorobber zeréckzeféieren, datt eng Rei Betriber héisch Beneficer aus de leschte Joren elo réischt versteiert hätten.
D’Vertrieder vun LSAP an déi Gréng, mee och vun der ADR hunn an hire Rieden der Regierung e Manktem un Ambitioun oder Plang fir déi nächst Jore virgeworf. LSAP, ADR a Gréng hunn ugekënnegt géint de Budgetsprojet an de Pluriannuell ze stëmmen.
ADR: Talenter jo, Asylmigranten nee
Den ADR-Fraktiounsschef Fred Keup huet nees laang op d’negativ Konsequenze vum Wuesstem higewisen, ewéi zum Beispill Jonker, déi sech keng Wunneng am Land méi kënne leeschten oder ëmmer méi Stau, well een einfach net nokéim. Hien huet eng Rei fréier CSV-Politiker zitéiert, déi viru Problemer fir d’Infrastruktur scho gewarnt haten an den ADR-Fraktiounschef huet sech ënnert anerem fir eng aner Migratiounspolitik ausgeschwat.

© Chambre des députés
De Fred Keup huet betount, seng Partei wier net géint Migratioun, mee a sengen Ae misst ee virun allem Fachkräft oder Talenter nach unzéien, net awer “Asylmigranten”. Déi géinge senge Recherchen no de Staat méi kaschten ewéi bréngen.
Donieft huet hien e puer nei Pisten erwäänt, fir Sue beim Staat ze spueren: D’Kooperatiounshëllef kéint vun 1 op 0,7% erofgesat ginn an et kéinte manner Publicitéits-Campagne gemaach ginn. A senger Ried huet de Fred Keup och proposéiert, d’TVA op Alkohol vu 17 nees op 3% erofzesetzen, fir dem Secteur ze hëllefen.
LSAP: Anti-kompetitiv an anti-sozial Mesuren
D’LSAP-Fraktiounscheffin, déi huet virun allem bedauert, datt d’Regierung a puncto Logement-, Armut- an Ëmweltpolitik éischter géing zeréckfueren. Als fréier Inneministesch huet d’Taina Bofferding och op en Neits nogefrot, wou d’Reform vun der Grondsteier an d’Mobiliséierungstaxe bleiwen.

© Chambre des députés
Si huet ëmgekéiert d’Steiervirdeeler fir d’Investisseuren am Logement kritiséiert, well déi – esou wéi d’Zentralbank an hirem Avis geschriwwen hat – "anti-kompetitiv an anti-sozial" wieren an d’Wunnengen net méi abordabel géinge maachen. Am Géigendeel.
Dat an d’Tensiounen tëscht der Regierung an de Gewerkschafte géingen et weisen: "Business first" wier "den neie Mantra", esou d’Taina Bofferding.
Déi Gréng vermëssen dem Roth säin Apel fir den Duuscht
Och d’Sam Tanson huet vill Réckschrëtter an der CSV-DP-Regierung am Ëmgank mat de Gewerkschaften an ONGen, mee och an der Budgetspolitik erkannt. D’gréng Deputéiert war fair an huet eng Rei Mesurë begréisst, ewéi de steierfräie Mindestloun oder d’Upassung vum Barème un d’Inflatioun zum Beispill. Allerdéngs huet si kritiséiert, datt d’Investissementer an de Logement an d’Ëmweltpolitik, mee och an den Tram verhältnisméisseg zeréckginn.
D’Sam Tanson huet awer och eng Rei Zuelen am Budget vermësst ewéi de Coût vun enger Rei Mesurë fir d’Investisseuren oder nach der internationaler Mindestbesteierung vu Betriber.

Besonnesch awer huet si eppes vermësst an zwar den ominéisen "Apel fir den Duuscht", vun deem de Gilles Roth ëmmer geschwat huet, ewéi hien nach an der Oppositioun war. D’Sam Tanson huet eng Propos vum Chef vum Conseil national des finances publiques Romain Bausch als Motioun deposéiert: Dee gesäit vir, datt onerwaart zousätzlech Recetten op d’Säit geluecht ginn.
Déi Lénk: D'Party soll viru goe fir déi 'happy few'
Et ginn déi falsch Akzenter am Logement gesat. Dat ass eng Kritik, déi net just vum Pirat Sven Clement koum, mä och vum David Wagner vun déi Lénk.
"D'Regierung stellt sech schützend virun déi grouss Promoteuren a Proprietären an hëlt domadder de Misär vun ëmmer méi Leit a Kaf. D'Profitter an d'Renditte sollen nees spruddelen. D'Party soll viru goe fir déi 'happy few'."
DP: Milliarde fir d'Verdeedegung feele fir wichteg aner Projeten, ma mir hu keng aner Wiel
En anere Sujet e Mëttwoch de Mëtteg zum Beispill an der Ried vum DP-Deputéierten André Bauler waren d'Ausgabe fir d'Verdeedegung. Do misst ee sech e Sputt verschaffen, fir de budgetären Exigenzen, déi domadder verbonne sinn, Rechnung ze droen.
"D'Investitiounen an d'Verdeedegung, déi sech lues a lues a Milliardenhéicht entwéckelen, fir dann 2030 2 Prozent vum nationale Brutto-Akommes auszemaachen, strapazéieren d'Staatskeese gewalteg a si feelen natierlech fir wichteg aner Projeten. Sief et an der Gesondheet, am ëffentlechen Transport oder am Schoulwiesen, mä mir hu keng Wiel, mir sinn drop ugewisen, eis Bevëlkerung an eist Land viru Krich a Gewalt ze schützen."
De Finanzminister sot hie wier sech bewosst, datt een do ënner Ëmstänn misst e Puffer am Budget halen, well wa mer mat den Depensë méi séier missten eropfueren, hätt dat e seriöen Impakt op de Budget.
Dem Gilles Roth seng Parteikolleegin Diane Adehm hat gesot, et misst een e Wee fannen, fir datt d'Investitiounen an d'Verdeedegung d'Wirtschaft mat ënnerstëtzen. Si hat dofir plädéiert, eng Verdeedegungsindustrie opzebauen an ze stäerken.
Um Enn vum Debat d'Conclusioun vum Finanzminister
De Finanzminister huet no de Remarquen a Kriticken vun den Deputéierten nach emol d’Wuert ergraff. De “Kompass” vun der CSV-DP-Regierung wier, d’Land ze stäerken. Engersäits duerch méi Netto vum Brutto an anerersäits duerch eng staark Ekonomie, mat op éischter Plaz d’Finanzplaz.
Wou “den Apel fir den Duuscht” wier? De Gilles Roth huet drop higewisen, datt de Budgetsdefizit jo méi kleng ass ewéi erwaart. Prozentual an an absolutten Zuele wier den Defizit och méi kleng ewéi 2017, ewéi déi grouss Upassung vum Barème ënner Blo-Rout-Gréng gemaach gi war. D’Sam Tanson huet allerdéngs drop higewisen, datt haut nei Erausfuerderungen, notamment an der Defense, virun der Dier stoungen ewéi 2017.
Dem Deputéierte vun déi Lénk David Wagner, deen e Retour bei Tauxe vun iwwer 50% fir Leit, déi méi ewéi 200.000 Euro d’Joer verdéngen, gefuerdert huet, huet de Gilles Roth geäntwert, datt d’Leit nieft de Steiere weider Contributioune bezuelen a keng Verméigenssteier fir Privatpersoune géing agefouert ginn. De Finanzminister huet betount, datt well d’Tabell progressiv ass, déi kleng Revenue méi entlaascht ginn ewéi d’Groussverdénger.
De Gilles Roth war dann och net mam Sam Tanson averstan, datt den Invest géing erofgoen. Tëscht 2014 an 2022 hätten d’Regierungen just 3,8% vum PIB investéiert. Elo wier ee bei 4,6%. Wann am Pluriannuell manner héich Zomme géinge stoen am Logement, da wier dat well ee méi no un der Realitéit wier: d’Zommen, déi an de Jore virdru virgesi waren, wieren um Enn net all investéiert ginn. D’gréng Deputéiert huet – Parole après ministre – trotzdeem betount, datt manner Projeten am “Pluriannuell” virgesi sinn. Hei huet de Finanzminister geäntwert, et misst ee virun allem dofir suergen, datt d’Projeten tatsächlech realiséiert ginn.
De Finanzminister huet sech och géint de Virworf gewiert, d’CSV an DP géingen de Promoteure Kaddoe maachen. Mesuren ewéi déi méi niddreg Besteierung vu Plus-Valuen wieren do, fir eng Demande ze stäerken, déi eben néideg wier, fir datt Aktivitéit um Bau wier. De Gilles Roth huet awer kloer agesinn, datt de Steiervirdeel vum Amortissement acceleré e Virdeel eleng fir Investisseure wier, mee dowéinst wier déi Mesure jo an der Zäit limitéiert.
Méi Netto vum Brutto wier och keng Mogelpackung, well der Oppositioun no duerch méi héich Energiepräisser d’Leit erëm eppes verléieren. Ma déi Präisser géing d’Regierung net determinéieren, mee de Marché, sou de Gilles Roth. Lëtzebuerg wier och ee vun 3 Länner an der EU, déi iwwerhaapt nach Energiepräisbremsen hunn, woufir Lëtzebuerg och vun der EU-Kommissioun kritiséiert gouf.
Op d’Ried vum ADR-Fraktiounschef Fred Keup a seng Propos fir d’Migratioun op Talenter ze limitéieren, ass de Finanzminister net agaangen. Hie sot awer, Talenter wiere fir d’Finanzplaz néideg, mee och an anere Beräicher ewéi d’Santé.
An den CSV-Finanzminister huet nach emol verséchert, datt hien e Projet vun enger grousser Steierreform d’nächst Joer wäert der Chamber virleeën.