Wéi schützen ech mech virun Abriecher?

Am Wanter stinn net nëmmen d'Feierdeeg virun der Dier, ma leider och méi dacks Brigangen, déi versichen an Haiser anzebriechen. Wéi sech dogéint schützen?
Et ass leider eng Gewunnecht ginn, datt wärend der Vakanzenzäit d'Zuel vun den Abréch am Land klëmmt. Net just wärend der Summervakanz, ma besonnesch wärend de Feierdeeg am Wanter: De Fait, dass et sou fréi däischter gëtt, spillt de Brigange voll an d'Kaarten.
Mä wat kann ee maachen, wann een iwwer d'Feierdeeg fortfuere wëll, ouni sech Suerge mussen ze maachen, datt een Affer vun Abriecher gëtt? De Preventiounsservice vun der Police gëtt heifir eng ganz Rei konkret Virschléi mat op de Wee.
Als éischt mol gëllen déi üblech Reegelen: Dieren a Fënstere vum Haus, ma och vum Keller a vun der Garage zouspären an d'Alarmanlag uschalten. Falls d'Méiglechkeet do ass, sollt een am beschten och Bekannte wéi sengen Noperen, Frënn oder Famill Bescheed soen, datt een iwwer d'Feierdeeg fortfiert a si bieden, en A op d'Haus oder d'Wunneng ze halen.
Ma och der Police kann ee Bescheed soen, dat iwwer hire Service "Départ en vacances". Iwwert e Formulaire kann ee sech hei aschreiwen an der Police Bescheed soen, vu wéini bis wéini ee fort ass. Wärend dësem Zäitraum wäert dann eng Patrull geleeëntlech bei Iech doheem laanschtfueren, fir z'iwwerpréiwen, ob alles an der Rei ass. Wéi eis de Preventiounsservice vun der Police confirméiert, gëtt den "Départ en vacances" all Joers vu ville Leit genotzt. Trotzdeem wier et wichteg, sech net just op dëse Service ze verloossen, mä och sécherzestellen, datt een eng Vertrauenspersoun huet, déi wärend der eegener Absence oppasst a verdächteg Observatiounen der Police mellt.
De Formulaire, fir sech fir de Service "Départ en vancances" unzemellen, fannt Dir hei.
E weidere wichtege Punkt, op deen d'Police hiweist, ass d'Verhalen an de soziale Reseauen. Mir all verëffentleche gäre Fotoen oder Videoen aus der Vakanz op Instagram, Facebook a Co., mä potenziell Abriecher kënnen dës als Invitatioun verstoen, fir op eng ongebiede Visitt an eiser Wunneng oder Haus laanschtzekommen. Wichteg ass et dowéinst z'iwwerpréiwen, wien Är Posts ka gesinn an ob Äre Wunnuert public ass. Besser ass et och, net z'annoncéieren, dass ee fortfiert a Fotoen eréischt dann ze posten, wann een nees doheem ass.
Déi komplett Broschür zum richtege Verhalen an de soziale Medie wärend de Vakanze fannt Dir hei.