D'Luxembourg Confederation begréisst d'Reform vun den Ouvertureszäite vun de Geschäfter, fir d'Gewerkschaften ass et eng Attack op d'Aarbechtsbedingungen.

Reaktiounen op Ouvertureszäite-Reform / Reportage Claude Zeimetz

Confederatioun vun de Geschäfter: Ouvertureszäite-Reform gëtt begréisst, Fuerderung no totaler Flexibiliséierung

D'Luxembourg Confederation begréisst d'Reform vun den Ouvertureszäite vun de Geschäfter. Domat géif ee sech un d’Realitéite vum Marché upassen.

Ma fir d’Confederatioun geet dat nach net wäit genuch: Si fuerdert eng total Flexibiliséierung. Si bedauert, dass fir Ouvertureszäite baussent dem Creneau vun 5 Auer moies bis 22 Auer, respektiv weekends bis 19 Auer owes eng Derogatioun gebraucht gëtt an dëst an de Kollektivverträg muss festgehale ginn. Déi Bürokratie géif der Kompetitivitéit schueden.

D’Luxembourg Confederation representéiert 22 Federatiounen, soit eng 1.800 Entreprisen.

Gewerkschafte wëlle verhënneren, datt "soziaalt Rad zeréckgedréint gëtt"

An engem gemeinsame Schreiwes attackéieren den LCGB, den OGBL an och d'kommunistesch Partei déi rezent Decisiounen. Wärend een am Schreiwes op verschidde Punkten, wéi d'Recht vun de Gewerkschaften, den ëffentleche Pensiounssystem, d'Kollektivverträg, ageet, ass ee vun de Punkten och d'Aarbechtskonditioune vun de Beschäftegen am Eenzelhandel an déi elo decidéiert Aarbechtszäitreform.

Hirer Meenung no géif et dem Patronat an der Regierung drëm goen, dat wat d'Gewerkschafte sech an de leschte Joerzéngte sozial erkämpft hunn, nees zeréckzeschrauwen. Et ass hirersäits d'Fuerderung un d'Politik, fir d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken sou wéi d'Aarbechts- an d'Liewensbedingungen an déi sozial Rechter virunzebréngen.

D'Gewerkschaften OGBL an LCGB gesinn an der Decisioun vun der Regierung eng  "extrem Liberaliséierung" an annoncéiere vu Januar u gewerkschaftlech Aktiounen. Den David Angel vum OGBL léisst och dem Wirtschaftsminister Lex Delles seng Argumentatioun e Mëttwoch bei eis um Radio net gëllen, et géif ee mam Gesetz just der Realitéit um Terrain Rechnung droen, déi zu 80% bis elo mat Derogatioune funktionéiert huet.

Extrait David Angel

"Bis 10 Auer owes an der Woch gouf et keng Derogatiounen. Dat heescht dat wier schonn eng extrem Verschäerfung nach eng Kéier vun deem Phänomen vun der Flexibiliséierung. Do ginn et nach eng ganz Rei aner Froen, déi een opwerfe kann. Zum Beispill datt mer elo eng Ënnerscheedung maache vun de Feierdeeg. Datt mer soen, et gëtt déi richteg Feierdeeg an et gëtt déi aner Feierdeeg, wou kann opgemaach ginn. Och via Derogatioun war et bis elo net méiglech, sonndes bis 7 Auer ze schaffen."
 
Dat wat Regierung hei plangt wier kee Kompromëss, mä géif d'Fuerderunge vum Patronat zu 95% erëm ginn. Vum Terrain géif eng Well vu Roserei kommen, sou den David Angel.