"Handwierk gëtt net genuch gewäert an der Gesellschaft"
En Donneschdeg de Moie war d'Handwierk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Gesellschaft huet geännert an d’Handwierk gëtt net méi genuch gewäert vun de Leit. Et gëtt vergiess, datt mer vill Handwierker brauchen, dat sot de Gerry Bethke en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass de President vun der AMET, der Associatioun vun de "Maîtres d’Enseignement", vun de Meeschteren an de Schoulen, déi ausbilden. Mir sinn d’Handwierker vun den Handwierker, nennt den Här Bethke et selwer.
D’Gewerkschaft, déi zur CGFP gehéiert, gëtt et zanter 50 Joer. Si sinn den Uspriechpartner. Et géif ee 95 Prozent vun den 131 aktive Meeschteren an de Schoulen vertrieden, sou den AMET-President.
D’Handwierk wier fir déi Jonk haut villäicht net ëmmer attraktiv genuch, well d’Ufanksgehälter méi niddreg wären. Dono kéint een awer och bei engem private Patron gutt dovunner liewen.
Et feelen Enseignantë mat Meeschterprüfung
Bei de Meeschteren, déi an den Atelieren ausbilden, ginn et zanter enger Zäit och Problemer, nei Leit ze fannen. 31 Plaze sinn ausgeschriwwen, déi alt nees net wäerte besat ginn. Vill Iwwerstonne wären dowéinst néideg. Et brauch een eng Meeschterprüfung, fir an engem Atelier vun der Beruffsausbildung ze schaffen an et muss een nach eng Ausbildung, fir z’enseignéieren, maachen. D’Ufanksgehälter wären ze niddreg. Mat enger Meeschterprüfung beim Patron géif een dacks méi verdéngen. Mam Minister Serge Wilmes géif een elo kucken, ob dat net kéint opgebessert ginn.
Mat den zoustännege Ministèrë vun Educatioun a Fonction publique hätt een eng gutt Relatioun. Fein, manéierlech a respektvoll géif ee mat de Partner a Ministèren diskutéieren. D'Probleemer vum Handwierk géife verstane ginn, villäicht awer heiansdo ze lues, bedauert de Gerry Bethke.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.