D'Gewerkschafte weisen dem Gesetzprojet fir méi flexibel Ëffnungszäiten déi rout Kaart. Ma och vun där aner Säit, vum Handwierk, kënnt Kritik.

E risege Problem bleift fir d'Handwierk den Absenteismus an et ass een op enger Rei Punkten net zefridde mat der Gewerbeinspektioun. Ënner anerem déi Doleancen huet d’Handwierkerfederatioun der Press um Enn vum Joer mat op de Wee ginn. Allgemeng gëtt am Handwierk en däischtert Bild gezeechent.

Mir maachen eng grouss Restrukturatioun duerch an déi verschidde Krise sinn net eriwwer, seet d’Handwierkerfederatioun. Méi wéi 3.000 Aarbechtsplaze wiere verschwonnen, virun allem am Héichbau. Am neie Joer géingen Hëllefen ewech falen an déi nächst Indextranche stéinge virun der Dier. De Luc Meyer, President vun der Fédérations des Artisans:

"Summa summarum schwätze mer vun iwwer 6 % Chargen a Käschten, déi op eis Betriber elo am Januar zoukommen. Fir et knallhaart ze soen: dat si 4 .000 Aarbechtsplazen, déi iwwer Nuecht musse bezuelt ginn."
 
D’Gewerkschafte géinge menacéieren a géinge gären Diktater maachen.  D'Handwierkerfederatioun leet an deem Kontext divers Zuelen op den Dësch, mat deenen d'Representativitéit vun de Gewerkschafte soll a Fro gestallt ginn.
Zum Beispill wieren 2/3 vun de Personal-Delegéierten net Member an engem Syndikat, sou de Generalsekretär Romain Schmit.

"92 % vun de Betriber hu keng Delegatioun, keng Gewerkschaft am Haus. Déi fonctionéiere just mat der Relatioun tëscht dem Patron an de Salariéen".

Op ville Plaze wier et deemno ubruecht, datt de Patron an de Salarié mateneen no Léisunge sichen, ouni d’Gewerkschaften. Et géing net eng Léisung fir all Situatioune ginn.
 
D'Syndikater weisen dem Gesetzprojet fir méi flexibel Ëffnungszäiten jo déi rout Kaart. Ma och vum Handwierk kënnt Kritik. Et hätt ee gären d'Méiglechkeet gehat, ronderëm d'Auer op ze maachen, sou de Romain Schmit. Et wier net um Staat fir virzeschreiwen, wéini e Buttek soll ophunn. D'Federatioun gesäit och net an, datt bei allem wat iwwer déi nei Ëffnungszäiten eraus geet e Kollektivvertrag muss gemaach ginn.

"D'Extensioun ass nëmmen iwwer Kollektivvertrag méiglech. Dat heescht, an Zukunft wäert samschdes a sonndes owes um siwen Auer mussen all Buttek zouhunn. A well et keng Exceptioune méi gëtt, wäert och d' Tankstell zoumaachen."

E risege Problem bleift fir d'Handwierk den Absenteismus. Dee wier am leschte Joerzéngt ëm 40% eropgaangen. Déi Evolutioun wier virun allem mat Corona komm, ma hätt no der Pandemie net opgehalen. Verschidden Doktere wiere Krankeschäin-Automaten an do géing einfach näischt geschéien.
 
"Déi kënnen do maachen, soen ech elo mol einfach, wat se wëllen, an do ass keen do, an och net d' AMMD, an dat fannen ech u sech traureg, déi bereet ass, fir mat op dee Wee ze goen, eppes ze ënnerhuelen,  wann en Dokter an enger normaler Aarbechtszäit vun 8 Stonnen 40, 50, 60 eraus gëtt."

Bei der Gewerbeinspektioun stéiert ee sech beim Handwierk un der Manéier vu verschiddenen Agenten. Den Toun mécht d' Musek, sou de Romain Schmit. Generell gesi wënscht ee sech bei der Federatioun manner Repressioun a virun allem e Katalog mat klore Krittären a Reegelen, wann et dann zu Sanktioune kënnt.

Aktuell mécht d’FDA bei hire Memberen eng Enquête zu der Aarbecht vun der ITM.  Déi Enquête ass awer nach net ofgeschloss.