Vente vu Bestandswunnengen an engem Joer ëm 44 Prozent geklommen

© Envato Wasant1
Bei den Neibauten dogéint ass d'Vente nach ëmmer méi niddreg, wéi nach dat lescht Joer.
De Logementsmarché erhëlt sech: D’Vente vun de Wunnengen, déi am Bestand sinn, sinn am Verglach mam leschte Joer ëm 44 Prozent geklommen, déi vun den Haiser souguer 64 Prozent.
Am Neibau ass et dogéint weider schwiereg: Bei de Vefae waren et am 3. Trimester 144 Transaktiounen, ëmmer nach véier Mol manner wéi virun 2023.
D’Präisser am Verkaf hu sech stabiliséiert a sinn am 3. Quartal bal onverännert. Op d’Joer gekuckt ass et eng liicht Baisse vun 1,7 Prozent.
Bei Bestandsappartementer ass et eng Baisse vun 3,6 Prozent, haaptsächlech verursaacht duerch d’Baissen um Enn vum leschte Joer.
Bestandshaiser hunn am Trimester eng liicht Hausse vun 2 Prozent, iwwert d’Joer bleiwe stabil, ma bei den Neibauwunnenge falen d’Präisser op d’Joer gekuckt ëm 2,6 Prozent.
Déi annoncéiert Loyere sinn zwar am Trimester liicht gefall, ma op d'Joer gekuckt ass et nach ëmmer eng Hausse vun 3,6 Prozent bei neie Kontrakter.