"Juristesch a symbolesch wichtege Schrëtt no vir", esou Mënscherechtskommissioun
© Fanny Kinsch / RTL
An hirem Avis beschäftegt sech déi consultativ Mënscherechtskommissioun mat enger Propositioun vun "Déi Lénk".
D'consultativ Mënscherechtskommissioun begréisst d'Revisiounspropositioun vun déi Lénk, fir d'Recht op Schwangerschaftsofbroch an op Verhütung an der Verfassung ze verankeren. D'CCDH huet um Donneschdeg hiren Avis zu där Propositioun presentéiert, déi aktuell an der Institutiounekommissioun ass.
Et wier en immens wichtege Schrëtt no vir, esouwuel juristesch wéi och symbolesch, esou d'Juristin vun der Mënscherechtskommissioun Rhéa Ziadé.
"Éischtens gëtt et deem Recht nämlech Verfassungsrang, dat heescht et steet dann iwwer de Gesetzer, wat dann och heescht, dass d'Gesetzer iwwert d'IVG wäerte musse konform sinn zu der Verfassung, also ëmmer mussen den Accès garantéieren. Zweetens kënnen déi Gesetzer dann och net einfach ofgeschaaft ginn. Drëttens wäert et méiglech sinn, dat Grondrecht viru Geriicht ze invoquéieren. A véiertens wäert et natierlech an Zukunft dann net esou einfach sinn, fir ee Réckschrëtt ze maachen, sou wéi et an anere Länner de Fall ass, well d'Prozedur fir d'Verfassung ze iwwerschaffe vill méi komplex ass wéi déi vun engem einfache Gesetz."
D'Mënscherechtskommissioun wier sech bewosst, datt et bei deem Thema deels staark individuell Iwwerzeegungen a Meenunge ginn, esou d'Presidentin Noémie Sadler. Et wier awer um Legislateur, e legale Kader op Basis vum internationale Recht a vun unerkannte Mënscherechter ze schafen, an net op Grond vu moraleschen oder etheschen Iwwerzeegungen: "Laut internationalem Recht soll de Fokus ganz kloer dorop leien, enger schwangerer Persoun et ze erlaben, eng autonom Entscheedung ze huelen." Et wier ganz wichteg, datt déi Persoun net jugéiert gëtt an och net an hirem Numm geschwat gëtt.
D'Mënscherechtskommissioun stellt allerdéngs fest, datt et nach Obstaclë gi beim Accès op Schwangerschaftsofbroch a Verhütung zu Lëtzebuerg. Et géing ee begréissen, datt d'Regierung déi obligatoresch Bedenkzäit vun 3 Deeg ofschafe wëll. Den Delai fir d'IVG misst vun 12 op 14 Woche verlängert ginn. Et misst och verhënnert ginn, datt d'Clause de conscience fir d'Dokteren d'Recht op e Schwangerschaftsofbroch aschränkt, esou d'Juristin Rhéa Ziadé.
"Do recommandéieren international Gremien zum Beispill, dass een dofir suerge muss, dass ëmmer Doktere present sinn, déi net Objecteurs de conscience sinn, dass d'Clause de conscience net soll a Spideeler oder an Noutsituatiounen erlaabt sinn oder och nach eng Obligatioun, fir een Dokter de Patient oder d'Patientin dann un een aneren Dokter weider ze orientéieren."
Mannerjäreger oder Persoune mat Behënnerung, déi ënner Tutelle sinn, misste selwer decidéiere kënnen, ouni obligatoresch Autorisatioun vun den Elteren oder dem Tuteur. D'CCDH recommandéiert och en Délit d'entrave anzeféieren, also et wéi a Frankräich strofbar ze maachen, wann ee versicht den Accès zu der IVG oder Informatiounen zum Schwangerschaftsofbroch ze blockéieren.
De Remboursement vu Verhütungsmëttel misst och nach ausgedeent ginn, virun allem op Kondomer.