D'Grippesaison ass zu Lëtzebuerg ukomm
© AFP
Datt d'Grippesaison do ass, mierkt een net nëmmen, wann ee ronderëm sech kuckt, wou gefillt vill gehouscht a geschnuddelt gëtt.
A sengem neiste Bulletin stellt de Gesondheetsministère fest, datt d'Zuel vun de Grippeninfektiounen elo déi véiert Woch hannerteneen an d'Luucht geet: vun 190 op 350 Fäll. Dat entsprécht enger Hausse vu 84 Prozent. D'Zuele confirméieren fir d'Santé den Ufank vun der järlecher Grippesaison.
An deem Kontext ass et nach emol de Rappell, fir sech impfen ze loossen. Et wier nach net ze spéit. Och déi klassesch Gestes barrières kéint ee respektéieren, wéi Hänn wäschen, doheem bleiwen, wann ee krank ass a sech vu grousse Mënschemassen ewechhalen an der Héichsaison.
D'Covidinfektioune ginn ëm 29 Prozent an d'Luucht. Den RSV, dee besonnesch fir Neigebuerener geféierlech ka sinn, well en zu Otemnout féiere kann, ass och mat 226 Fäll méi present.
Zanter dem leschte Joer ginn d’Puppelcher géint den RS-Virus zu Lëtzebuerg immuniséiert.