Nodeems de Baschar al-Assad a Syrien gestierzt gouf, entdecke syresche Rebellen ëmmer méi Produktiounssitte vun der Drog Captagon an zerstéiere se.

Den Handel mat Captagon, enger Drog, déi an d'Kategorie vun den Amphetaminne gehéiert an de Wee an den arabesche Raum als Partydrog fonnt huet, huet Syrien an de leschte Joren zum gréissten Droge-Staat vun der Welt gemaach. Ma elo, nodeem de Baschar al-Assad gestierzt gouf, gëtt ëmmer méi kloer, a wat fir engem Ausmooss Syrien mat Droge Geschäfter gemaach huet a Captagon an d'Ausland exportéiert huet.

All Dag géifen d'Rebellen an d'HTS-Kämpfer nei Produktiouns- a Verdeelungssitte fir d'Drog Captagon entdecken, vun deenen aus de ganzen Noen Oste géif versuergt ginn. D'Pëlle ware bis ewell de mat Ofstand wichtegsten Export-Produit a Syrien an hunn alleguerten déi legal Export-Geschäfter an de Schiet gestallt, dat mellt d'AFP a berifft sech op offiziell Daten aus dem Joer 2022.

RTL

E syresche Rebell an enger Droge-Fabrick zu Douma, ëstlech vun Damaskus. (12. Dezember 2024) / © ARIS MESSINIS AFP / AFPAFP

Ënnert anerem goufen d'Pëllen a Lagerhale fonnt, verstoppt an elektresche Baudeeler, prett fir an d'Ausland. Ënnert anerem bei Damaskus gouf et esou e Fall, där et der wéi gesot vill am Land ginn an nach wäerte kommen. D'Miliz vun der HTS huet matgedeelt, dass d'Drogen déi ee fënnt, direkt géife verbrannt ginn, well se schlecht fir d'Leit wieren.

Ënnert anerem huet de Regimm mat dëse Geschäfter Milliarden am Joer gemaach, ma et konnt een awer och mat dëser Muecht Drock op d'Golfstaaten ausüben. Ënnert anerem a Saudi-Arabien ass d'Drog extrem beléift a gëtt vill bei méi jonke Leit consomméiert, ma och a villen anere Länner am arabesche Raum kritt een d'Pëll relativ einfach a kascht um Schwaarzmaart tëscht 15-20 Euro.

Ginn et Tracë vun dëser Drog zu Lëtzebuerg?

Elo wou kloer ass, dass Syrien ënnert dem Baschar al-Assad an esou engem grousse Stil Captagon an d'Ausland exportéiert huet, läit d'Fro natierlech no, ob an a wéi enger Quantitéit dës illegal Substanz de Wee schonn op Lëtzebuerg fonnt huet.

Op Nofro beim LNS, dem Laboratoire national de santé, déi jo Aschätzunge zu der Presenz vun spezifesche Substanze kënne maachen, war d'Äntwert, dass de Labo "an de leschte Jore kee Captagon vun der Police oder der Douane fir Analyse" kritt hätt.

D'Presenz vun der Drog zu Lëtzebuerg ass zwar doduerch net auszeschléissen, ma wann iwwerhaapt, wier de Gebrauch vu Captagon hei ganz kleng.