An 10 Joer wëll d'Uni.lu 15 verschidde Spezialiséierungen an der Medezin ubidden
Iwwer d'Fro, ob Lëtzebuerg eng Uni brauch, ass hei am Land laang an hefteg diskutéiert ginn. Haut gehéiert d'Uni.lu selbstverständlech zum Land.
Virun zwee Joerzéngte krut Lëtzebuerg seng eegen Universitéit. Haut studéieren do 6.000 Leit, et ginn 1.000 Doktoranden an 2.400 Mataarbechter, dorënner 300 Professeren. Déi nach zimmlech jonk Uni.lu ass ënnert den 250 beschte weltwäit an ass op Plaz 25 vun de beschte jonken Universitéiten.
Datt si international unerkannt ass beweist och, datt am ganzen 130 Nationalitéiten do schaffen oder studéieren. 40 bis 50 Prozent vun de Studenten si Lëtzebuerger, da kommen natierlech Leit aus den Nopeschlänner op d'Uni.lu, mä och ganz vill Leit aus Italien an aus Indien.
D'Uni fokusséiert sech op d'Gesondheet, op d'Digitaliséierung an op d'Nohaltegkeet vun der Gesellschaft. Si huet dräi Missiounen: dat ass nieft der Léier an der Fuerschung och Wëssen an d'Gesellschaft weiderzeginn, also Denkustéiss ze liwweren. Zum Beispill a Form vun Debatten.
Ganz proaktiv gëtt dat zum Beispill bei der kënschtlecher Intelligenz gemaach, wou et e "KI Café" gëtt.
D'KI bitt enorm Méiglechkeeten an de Rekter vun der Uni.lu, de Jens Kreisel, deen RTL fir eng Spezialemissioun op der Tëlee d'Uni gewisen huet, ass der Meenung, datt mer 20 ganz spannend Jore virun eis hunn. Hien huet net d'Gefill, datt d'KI d'Welt iwwerhëlt, mä et gi Beräicher, déi hie beonrouegen.
"Den Afloss vu Fake News, déi vu kënschtlecher Intelligenz gedriwwe sinn an den Effekt op eng Demokratie mécht mer Suergen. Ech denken, datt sech sech weist, datt d'Demokratie nawell zimmlech fragil ass an datt d'Fake News e ganz staarken Effekt hunn. Dat gesäit een an allen ënnerschiddleche Länner, wéi Bäiträg déi duerch kënschtlech Intelligenz generéiert goufen op de soziale Medie ganz kloer en Effekt hunn, dee sech noweise léisst. Wann ech haut, perséinlech an och als Rekter vun der Uni virun eppes Angscht hunn, dann ass et tatsächlech d'Fro, wat mat der Demokratie geschitt."
Am Beräich Gesondheet huet d'Uni nach villes Wëlles
Den Ament bitt si siwe Bacheloren u fir Fleegeberuffer, an dräi Spezialiséierungen an der Medezin: Allgemengmedezin, Onkologie an Neurologie. Et gëtt den Ament ganz Intensiv iwwer Medezin fir Kanner nogeduecht an iwwer Psychiatrie. Dat sinn déi nächst Spezialiséierungen déi kommen, mä d'Ambitioun ass, bis op 15 ze kommen. Op déi Manéier well d'Uni dozou bäidroen, Problemer am Land, wéi de Manktem un Dokteren, ze léisen.
Op der Uni.lu gëtt an alle Beräicher ganz staark op d'Digitaliséierung gesat, dofir schaffen d'Medezinstudenten an den éischte Joren zum Beispill och nach just un digitaliséierte Läichen an net méi u richtege mënschleche Kierper.
Ee wichtege Beräich op der Uni ass dann och de Luxembourg Center for Systems Biomedecine (LSCB). Do gëtt sech virun allem mat neurologesche Krankheete beschäftegt. Gefuerscht gëtt virop an de Beräicher Parkinson an Alzheimer.
"Do geet et ëm molekular Grondlagen an ultimativ natierlech ëm d'Fro, wéi mer nei Medikamenter matentwéckelen an dono dem Patient zur Verfügung stellen. Dat ass dat wat een transnational Fuerschung nennt."
D'Uni entwéckelt sech och ëmmer weider nieft engem neien Zenter fir Ethik geet den 1. Mäerz en interdisziplinäre Fuerschungszenter fir Ëmweltsystemer op.
"Do zielt all Wuert. Natierlech geet et ëm d'Ëmwelt, mä et geet virun allem drëms dat systeemesch ze kucken. Dat heescht, datt een och driwwer nodenkt, wéi een d'Klimatransitioun finanzéiert, wéi déi psychologesch Barrière si fir verschidden nei Technologien unzehuelen. Zum Beispill elektresch Autoen oder och ënnerschiddlech Heizmethoden. Et geet wierklech drëm, datt Ëmwelt an de Kontext vun der Gesellschaft gesat gëtt."
Dëse Fuerschungszenter soll vill Doktorande forméieren. Et gëtt mat 10 bis 20 Leit ugefaangen an et geet een op der Uni dovunner aus, datt een a fënnef bis zéng Joer bei 100 bis 150 Leit ass.