Véier Festnamen no enger Rei Déifställ en Dënschdegowend a Mëttwochnomëtteg
Dräi verschidden Déifställ krut d'Police gemellt, an engem Fall ass och e Sécherheetsbeamte blesséiert ginn.
Um Kierchbierg krut en Dënschdegowend an der Avenue John F. Kennedy e Mann vun zwee Täter seng Kette vum Hals gerappt, déi Zwee sinn du mat engem Deel vun der Kette geflücht. Si konnte vun der Police gestallt ginn, bei enger Persounekontroll goufen nach weider Géigestänn fonnt, déi si virdrun an der Géigend vum Garer Quartier geklaut haten.
E Mëttwochnomëtteg war et dann nach en Déifstall an engem Geschäft an der Stater Groussgaass. Beim Versuch, den Déif ze stoppen, ass ausserdeem nach e Sécherheetsbeamte blesséiert ginn, dëse koum fir Kontrollen an d'Spidol. De Verdächtege konnt vun enger Policepatrull gestallt a festgeholl ginn. Hie koum en Donneschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.
E weideren Déifstall krut d'Police e Mëttwochmëtteg op engem Camping zu Gréiwemaacher gemellt. De Verdächtege konnt och hei kuerz duerno vun enger Patrull gestoppt ginn. Bei enger Persounekontroll huet sech dunn och erausgestallt, datt hie géint geriichtlech Oplage verstouss hat. Och hie gouf festgeholl a koum en Donneschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.