E Freideg de Moien huet d'Adem hir rezent Chômage-Zuele publizéiert. Deemno waren op den 30. November 18.625 Leit bei hinnen ageschriwwen.

Am Verglach mam nämmlechte Mount d'lescht Joer ass dat eng Hausse vu 6,8 Prozent, also eng 1.186 Persoune méi, déi op der Sich no Aarbecht sinn. D'Hausse concernéiert virun allem Leit, déi méi laang ewéi 7 Méint registréiert sinn, déi iwwer 30 Joer al sinn an déi, déi besonnesch qualifizéiert sinn. Wat d'Beruffer ugeet, klëmmt Zuel virun allem am Stroossentransport, bei de Käch, den Informatiker an de Bänker.

Chômage klëmmt liicht op 5,9 Prozent

Am November hu sech 2.664 Lëtzebuerger Residentë bei der Adem ageschriwwen, wat e Réckgang ëm 146 Persounen, respektiv 5,2 Prozent géigeniwwer November 2023 ass. 83 vun den Aschreiwungen am November si vu Refugiéen aus der Ukrain.

D'Zuel u Residenten, déi de Chômage kréien, ass iwwerdeem op ee Joer gesinn, ëm 11,3 Prozent, respektiv 1.070 Persounen op 10.533 geklommen.

Am Laf vum November hunn d'Employeuren 2.535 oppe Plaze bei der Adem deklaréiert, änlech wéi am November 2023. Am Ganze sinn am Verglach zum Joer virdrun allerdéngs 16,3 Prozent manner Plazen ausgeschriwwen. Op den 30. November waren der Adem 6.140 oppe Poste gemellt.

RTL