E Freideg am Nomëtteg ass zu Käerjeng e Brand ausgebrach, wouduerch d'Avenue de Luxembourg huet musse fir de Verkéier gespaart ginn.

Kuerz viru 17 Auer sinn d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng, Käerjeng a Péiteng an den Asaz geruff ginn. Iwwert enger Garage, déi un engem Haus ugebaut ass, war e Brand ausgebrach. Wéi et vun de Pompjeeën op der Plaz heescht, konnt duerch dat séiert agräifen e gréissere Schued verhënnert ginn.

Eng 35 Pompjeeë waren am Asaz, dat och duerch d'Ënnerstëtzung vun Dippech. D'Läschaarbechten hunn 20-30 Minutte gedauert, bis de Brand ënner Kontroll war. No ronn enger Stonn war d'Feier komplett geläscht.

D'Pompjeeë hunn nach kontrolléiert, ob et nach weider Brandnäschter ginn, éier se d'Plaz geraumt hunn.

D'Haus war bewunnt an d'Elektresch gouf wärend der Interventioun ofgeschalt.

Wéi den zweete Schäffe vu Käerjeng am RTL-Interview matdeelt, ginn déi 6 Persounen, dorënner 3 kleng Kanner, déi am Haus wunnen, elo mol fir 3 Nuechten an engem Hotel relogéiert. D'technesch Installatioune vum Haus waren an der Annex ënnerbruecht, déi vum Brand betraff war. Doduerch ass d'Haus aktuell net bewunnbar.

Vun der Police war et den Appell déi Géigend ze evitéieren. D'Strooss war wärend de Läschaarbechte komplett fir den Trafic gespaart.