De 26. September 2024 war fir vill Leit en historeschen Dag fir Lëtzebuerg. Et ass jo éischter rar, datt e Poopst op Besuch kënnt.

Déi lescht Visitt war 1985, wou de Poopst Jean-Paul II eis besicht huet. 39 Joer drop ass de Poopst François op Besuch.
 
Grad emol 8 Stonnen ass de Chef un der kathoulescher Kierch am Land bliwwen. Säi Programm war deemno gutt gefëllt. Eng Entrevue mam Grand-Duc Henri a mam Premier Luc Frieden am Palais, duerno eng offiziell Zeremonie am Cercle, ier et da mam Papamobil duerch d'Stad goung. Dausende Mënsche stoungen deen Dag laanscht d'Stroossen, fir de Poopst eng Kéier live ze gesinn.
 
Mëttes war dann nach eng Renconter mat der kathoulescher Communautéit an der Kathedral. Seng Rieden am Cercle an an der Kathedral huet hien op Italieenesch gehalen. Eng Ausso, déi Villen an Erënnerung bliwwen ass, stoung awer net am Manuskript. De Poopst François huet d'Lëtzebuerger nämlech opgefuerdert, fir méi Kanner ze kréien, well d'Zuel vun de Gebuerten ze niddreg wier. 
 
Kuerz no 18 Auer war alles eriwwer. De Poopst ass mat der Luxair fir déi nächst Visitt op Bréissel geflunn.