
Nach 1 Dag, dann ass d’Joer 2024 Geschicht. Um Enn vun engem Joer gëtt jo gären no hanne gekuckt, ma de Moie werfe mer awer mol ee Bléck an d’Zukunft. Wéi eng politesch Dossiere ginn, respektiv bleiwen 2025 zu Lëtzebuerg wichteg?
Och wann am Walkampf net vill iwwert d’Pensioune geschwat gi war, gouf eng méiglech Reform vum Rentesystem ee vun den Haaptsujete vun dësem Joer. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez hat annoncéiert, mol fir d’éischt Gespréicher mat enger ganzer Rëtsch vun Acteuren ze sichen. An enger éischter Phas konnten tëscht Oktober an Dezember Interesséierter op der Onlineplattform “Schwätz-Mat.lu” hir Proposen erareechen. Dobäi louch d’Grenz allerdéngs bei 500 Saz-Zeechen. Am Ganzen hu 4.600 Leit d’Internetsäit besicht an et koume méi wéi 2.000 Virschléi eran. Et goufen zum Beispill Plaffonge fir ganz héich Pensiounen, Modeller fir Zousazpensiounen an eng Vereenheetlechung vum Rentesystem am ëffentlechen a private Secteur proposéiert. D’Martine Deprez wëllt sech nach de Januar Zäit huelen, fir sech alles duerchzeliesen an dono sollen da Consultatiounen ufänken. Wéi déi genee oflafe wäerten, ass awer op d’mannst offiziell nach net gewosst. Et sief nach gesot, datt d’Meenungen tëscht de Sozialpartner hei wäit ausernee ginn. Wärend d’Gewerkschafte kee Besoin fir eng grouss Reform gesinn, warnt d’Patronat virun der ominéiser Rentemauer a ka sech Upassunge bei de Studenten- a Baby-Jore virstellen.
Den Aarbechtsminister Georges Mischo hat jo ugedeit, datt d’Gewerkschaften an Zukunft dat exklusiivt Recht, Kollektivverträg auszehandelen, verléiere kéinten. Een Argument fir dee Schrëtt ass, datt et an de Personaldelegatioune vu ville Betriber mëttlerweil méi Vetrieder gëtt, déi kenger Gewerkschaft ugehéieren, wéi ëmgedréint. D’Gewerkschafte wëllen dat Recht wéineg iwwerraschend net verléieren an dreeë mat engem Generalstreik. Et sollte méi Kollektivverträg ginn an déi misste mat de Gewerkschaften ausgehandelt ginn, well neutral Delegéiert manner Réckhalt hätten. An och d’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit dierft een Thema bleiwen. Rezent gouf jo annoncéiert, datt d’Butteker sonndes méi dacks opmaachen an d’Salariéen 8 amplaz 4 Stonne schaffen dierfen. D’Gewerkschafte werfen der Regierung vir, ze vill op der Säit vum Patronat ze stoen, d’Regierung reprochéiert de Gewerkschaften iwwerdeems, wäit ewech vun der Liewensrealitéit vu ville Salariéen ze sinn.
Op d’mannst wann d’Parteie sech awer dës Kéier un den Delai vum Chamberpresident Claude Wiseler halen. Am Fong hätten d’Propos fir eng Reform vum Walgesetz bis den 1. November dëst Joer eragereecht solle ginn. Ma vun de 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, huet keng eenzeg dat gemaach. Deen neie Stéchdatum ass den 1. Februar. Nieft de Parteie ginn iwwregens och d’Leit, déi an de Walbüroen aktiv sinn, vun der parlamentarescher Institutiounekommissioun ëm hir Meenung gefrot.
Et gëtt scho laang doriwwer diskutéiert, ob d’Walgesetz nach zäitgeméiss ass. Ee grousse Kritikpunkt ass de Fait, datt an engem Land mat méi wéi 47 Prozent Auslänner op nationalem Niveau just d’Lëtzebuerger decidéieren dierfen. Ma 2015, also viru bal 10 Joer, hu sech 78 Prozent vun de Walberechtegten an engem Referendum dogéint ausgeschwat. Ee weidere Punkt kéint d’Walflicht sinn. Déi gëtt et zwar nach um Pabeier, mee zanter 1964 huet et keng juristesch Konsequenze méi, wann ee seng Stëmm net ofgëtt. Offiziell gëtt dat domadder begrënnt, datt den Opwand fir de Parquet soss ze grouss wier. Datt d’Walflicht bis elo bäibehale gëtt, kéint och dorunner leien, datt soss nach ee gudde Krack manner Leit géinge wiele goen, wat der d’Representativitéit vun de Politiker weider schuede géing.
Och d’Andeelung vum Land a véier Walbezierker ass ee Punkt, deen ëmmer rëm kritiséiert gëtt. Ma divers Etüden hu gewisen, datt grad déi grouss Parteien dovunner profitéieren an dowéinst keen Interessi dorunner hunn, dat ze änneren. Et dierf een also gespaant sinn, ob d’Walgesetz iwwerhaapt, a wa Jo op wéi enge Punkten, geännert wäert ginn.
Doriwwer gëtt gefillt jo scho sou laang geschwat, wéi Lëtzebuerg ee Walgesetz huet. Den 23. Mäerz sinn d’Bierger vu Bettenduerf opgeruff, an engem Referendum doriwwer ze decidéieren, ob de Gemengerot mat den Nopere vun Dikrech, Ierpeldeng-Sauer, Ettelbréck a Schieren weider iwwert eng Nordstadfusioun diskutéiere soll an ob et 2027 zu engem Referendum iwwert d’Fro no der Fusioun komme soll. Eng Biergerinitiativ hat ee gudde Krack méi Stëmme wéi néideg gesammelt, fir datt ee Referendum organiséiert muss ginn. Ma deen ass awer just consultativ, dat heescht de Gemengerot muss sech net drun halen. An et ass schonn ze héieren, datt et schonn ee massive Jo fir ee Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher muss ginn, fir datt déi 7 vun 11 Conseilleren, déi dogéint gestëmmt haten, hir Meenung nach eng Kéier änneren. En plus ass och net kloer, ob déi aner 4 Gemengen nach eng Kéier mat Bettenduerf verhandele wëllen. Do dierft een also hoffen, datt de Referendum entweder negativ ausgeet oder de Gemengerot sech net un d’Resultat hält. Esou Beispiller gouf et an der Vergaangenheet schonn, zum Beispill zu Wäiswampech, wéi sech eng Majoritéit vun de Bierger géint een Hotel um Séi ausgeschwat hat. Ma deen Hotel dierft d’nächst Joer seng Dieren opmaachen.
Mee dat ass awer een anert Thema.