Fir d'Rentrée am September hate mir Iech eng Serie proposéiert mat de Bauprojeten, déi a verschiddenen Uertschafte geplangt sinn. 

D'Populatioun wiisst an domadder ginn och nei Quartiere mat Wunnenge gebraucht. Op déi fréiere Frichë vun der ARBED, der haiteger ArcelorMittal, si Wunnprojeten an der Maach. Sou zu Diddeleng, Schëffleng an Esch. Dausende vu Leit solle spéider op dëse Plaze wunnen a liewen.

Dës néi Quartiere sollen CO2-neutral an autofräi ginn. All Kéiers ëm déi 3.000 Leit sollen an den nächste Joren do en neit doheem fannen. Dobäi sollen eenzel Gebaier vu fréier an den neie Projet mat integréiert ginn. 
 
Och an der Stad Lëtzebuerg entstinn néi Wunnquartieren. Sou an der Polvermillen an och ronderëm d'Stäreplaz. 
Dat selwecht gëllt fir Ierpeldeng un der Sauer. Do wou fréier d'Molkerei "Laduno" war, sollen e Lycée an e Wunnquartier gebaut ginn.