Zwee Teenager hunn hire Papp respektiv Stéifpapp op Neijoerschdag erstach

Wéi de Parquet bestätegt, ass op Neijoerschdag e 54 Joer ale Mann zu Esch vun zwee Mannerjäregen déidlech mat engem Messer verwonnt ginn.
Den déidlechen Tëschefall zu Esch, deen RTL um Freideg de Moie gemellt hat, gouf kuerz duerno vum Parquet an engem Communiqué bestätegt.
Den 1. Januar am Laf vum Moie gouf d'Police op Esch an eng Wunneng geruff. Hei gouf e 54 Joer ale Mann ugetraff, dee ganz schro blesséiert war. D'Rettungsekippen hu séier intervenéiert, wat awer net verhënnere sollt, dass de Mann kuerz drop u sengen uerge Blessuren am Spidol gestuerwen ass.
De Parquet huet eng Autopsie ordonéiert.
Bei de presuméierten Täter handelt et sech ëm zwee Mannerjäreger, fir genee ze sinn de Fils an d'Stéifkand vum Mann. Si waren an enger éischter Phas geflücht.
De Jong vu 16 Joer gouf am Laf vum Dag nach vun der Spezialunitéit gepëtzt. Den zweete Jong, am Alter vu 15 Joer, gouf den Dag drop vun der Police opgegraff.
Well béid presuméiert Täter nach mannerjäreg sinn, gouf de Jugendriichter mat der Affär befaasst. Si goufe vun der Police verhéiert, dat a Presenz vun engem Affekot.
De Jong vu 16 Joer gouf no enger psychiatrescher Bewäertung an de Prisong op Schraasseg bruecht. Säin Hallefbrudder gouf virleefeg an der Sécherheetsunitéit UNISEC ënnerbruecht. D'RTL-Informatioun, dass dësen en Donneschdeg de Mëtteg wéinst Blessuren am Spidol behandelt, respektiv operéiert gouf, gëtt am Communiqué net bestätegt oder dementéiert.
Well d'Enquête nach amgaangen ass, kéint ee keng weider Detailer nennen, heescht et am Schreiwes vum Parquet. Weider ass et de Rappell, dass d'présomption d'innocence gëllt.