Annonce op der NeijoerschreceptiounPlenièresëtzungen an der Chamber och elo moies

Maxime Gillen
An Zäiten, an deenen d'Demokratie ëmmer méi a Fro gestallt gëtt, muss d'Parlament déi néideg Efforte maachen, fir nach méi Transparenz ze schafen.
Neijoerschreceptioun Chamber
An Zäiten, an deenen d’Demokratie ëmmer méi a Fro gestallt gëtt, muss d’Parlament déi néideg Efforte maachen, fir nach méi Transparenz ze schafen.

Dat huet d’Lëtzebuerger Chamber ënner anerem gemaach, andeems ugefaange gouf, en Deel vun de Chamberkommissioune live z‘iwwerdroen, esou de Generalsekretär vun der Chamber, de Laurent Scheeck, e Méindeg op der Neijoerschreceptioun um Krautmaart.

Och de Chamberpresident Claude Wiseler huet betount, wéi wichteg et ass, virop déi jonk Generatiounen an d‘Aarbecht vum Parlament mat anzebannen. Donieft huet hien op d’Erausfuerderunge vun der Chamber higewisen, datt wesentlech méi Gesetzestexter musse gestëmmt gi wéi nach virun a puer Joer an datt dës och ëmmer méi technesch ginn.

Eng konkret Ännerung, déi e Méindeg annoncéiert gouf, ass datt dëst Joer och Plenièresëtzunge solle moies organiséiert ginn. Och dat fir méi Punkten um Ordre du jour kënnen ënnerzebréngen. Dat ass awer net déi eenzeg Upassung vum Programm. “[...Mir] hunn elo och Wochen agefouert, wou just Kommissiounssëtzunge sinn an aner Woche, wou just Plenarsëtzunge sinn. An do dann d’Plenarsëtzungen an deene Wochen net méi nëmme mëttes mä och moies ze maachen. Dat gëtt eis also méi Zäit, méi Raum, eng besser Organisatioun an domat menge mir, datt mir besser virukommen an och méi effikass kënne schaffen.

Extrait Claude Wiseler

Allgemeng setzt d’Chamber och weider op méi Transparenz. Zejoert war ënnert anerem e Pilotprojet lancéiert ginn, fir eng Rei Chamberkommissioune live z’iwwerdroen. Dee Projet soll an den nächste Wochen ausgewäert ginn, esou nach de Generalsekretär vun der Chamber Laurent Scheeck.

Back to Top
CIM LOGO