Entrevue tëscht Regierung a GewerkschaftenEng "Sozialronn", fir de Sozialdialog ze "verbesseren"

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung wëll de Sozialdialog verbesseren an organiséiert dofir an den nächste Wochen oder Méint eng Sozialronn.
Eng "Sozialronn", fir de Sozialdialog ze "verbesseren"
D’Regierung wëll de Sozialdialog verbesseren an organiséiert dofir an den nächste Wochen oder Méint eng Sozialronn.

De Fränz Aulner mat Erklärungen zu der Sozialronn

Dat huet de Premier Luc Frieden en Dënschdeg no engem Treffe mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB am Staatsministère annoncéiert. Hie wollt bewosst net vun “Tripartite” schwätzen, well eng Tripartite e Kriseninstrument ass. Well hien de Sozialdialog “verbessere” wëll, gëtt en awer op d’mannst zou, datt de Sozialdialog net optimal funktionéiert huet. D’Gewerkschaften hunn Enn vum Joer effektiv mat Streik gedreet, well d’CSV-DP-Regierung Gesetzprojeten deposéiert huet, fir d’Ouvertureszäiten z’erweideren a fir d’legal Sonnestonne vu 4 op 8 eropzesetzen.

Am Mëttelpunkt vum Sträit ass awer d’Fro vu de Kollektivverträg. D’Regierung huet zwar garantéiert, datt dat eng Exklusivitéit fir d’Gewerkschafte bleift. Allerdéngs wëll se d’Kollektivverträg moderniséieren oder an anere Wierder kucken, ob net eenzel Elementer, déi d’Aarbechtsorganisatioun betreffen, net méi iwwert d’Kollektivverträg, mee direkt mam Personal kéinten negociéiert ginn.

De Premier Luc Frieden sot selwer, et wieren nach keng “Verhandlunge” gewiescht. Dat géingen d’zoustänneg Ministere mat de Sozialpartner, mee och mat de politesche Parteien an der Chamber maachen. D’Zilsetzung misst awer “eng Adaptatioun vum Aarbechtsrecht, déi der wirtschaftlecher an der sozialer Realitéit vu de Leit hei am Land rechnung dréit”. An hien hätt virun allem gär “Stabilitéit a soziale Fridden am Land an zugläich eng Moderniséierung an dat kréie mer zesumme fäerdeg”.

Wat d’Kollektivverträg ugeet, huet d’Presidentin vum OGBL awer kloergestallt, datt et eng “rout Linn” wier, wann ee géing un d’Peien oder d’Aarbechtszäit an de Kollektivverträg goen. D’selwecht de President vum LCGB Patrick Dury: den Inhalt vun de Kollektivverträg dierf net geännert ginn. Béid Gewerkschaftler hunn trotzdeem vun engem “konstruktive Gespréich” mam Premier geschwat. Mee et misst een elo, och bei den anere Sujeten ewéi d’Pensiounen “d’Kou vum Äis huelen”.

Regierung wëll de Sozialdialog verbesseren / Reportage François Aulner

Back to Top
CIM LOGO