SozialdialogUEL, CGFP an Oppositioun mat ganz ënnerschiddleche Meenungen iwwer "Sozialronn"

Pit Everling
Marc Hoscheid
D’Regierung wëll de Sozialdialog verbesseren. Ënner anerem beim Thema Kollektivverträg, Sonndesaarbecht an Ëffnungszäite gëtt et jo aktuell Diskussioun.
© Shutterstock

Um Dënschdeg hat de Premier Luc Frieden eng Reunioun mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB. Um Enn gouf eng sougenannt “Sozialronn” annoncéiert.

Bei der Unioun vun den Entreprisë soe se sech an enger éischter Reaktioun iwwerrascht driwwer, datt lo nach en zousätzlecht Format soll kommen, fir mateneen ze dialogéieren.

Reaktiounen op de Sozialdësch/Reportage Pit Everling

Den UEL-President Michel Reckinger: “Iwwerrascht schonn, well mer am Fong näischt dovunner wossten an och net richteg wëssen, wat do an där Ronn diskutéiert gëtt. Ech mengen, wat elo ass, ass, datt mir e Rendez-vous kritt hu fir en neie CPTE Ugangs Mäerz”

A well de Comité permanent du travail et de l’emploi déi Plattform ass, wou mat de Ressortministeren negociéiert gëtt, stellt de Michel Reckinger sech d’Fro, wat elo genee d’Roll vun der “Sozialronn” kéint sinn.

“Dofir weess ech net, wat de Format richteg soll, wat wichteg ass, dat ass mengen ech, an dat ass och dat, wat ech aus där Deklaratioun héieren, dass de Sozialdialog erëm muss ugoen, dass rëm muss matenee geschwat ginn an net iwwerenee geschwat ginn.”

De Sozialdialog wier net just de Gewerkschaften, mä och dem Patronat wichteg, betount d’UEL

An den Ae vum Michel Reckinger kéint et beim neie Format drëm goen, de Sozialdialog allgemeng ze relancéieren, well jiddereen huet et matkritt, d’Stëmmung ass net gutt.

“Dass ech fannen, dass et vun de Gewerkschafte ganz, soll ech dat elo nennen, onpropper Weeër gouf, wéi se iwwer mech geschwat hunn, dat brauch ech net. Ech mengen, ech sinn eng respektabel Persoun, mat där ee ka propper schwätzen. Do brauch ech mer keng Frechheete gefalen ze loossen. Bon, ech hunn ee breede Réck. Mee trotzdeem wär ech frou, wa mer géifen op en normalen Niveau zeréck kommen.”

A punkto Positiounen hält ee sech beim Patronat op ëffentlechen Tribüne bedeckt. Et wéilt een op deene Plaze matenee verhandelen , déi dofir do sinn.

Generell gekuckt misste Léisunge fonnt ginn, wéi a Betriber de Patron mat senge Salariéë kéint iwwer d’Aarbechtsorganisatioun schwätzen. D’Regierung wier sécher net den Handlaanger vum Patronat, sou nach de Michel Reckinger.

D’CGFP huet eng aner Vue

Déi aktuell schwaarz-blo Regierung wier wuel patronatsfrëndlech an dofir wier lo de Moment komm, fir de Sozialdialog ze relancéieren. Dat sot de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff am RTL-Interview. Hie gesäit an der “Sozialronn” en Instrument, fir d’Atmosphär ze verbesseren an den Dialog tëschent de Sozialpartner nees unzekierpen

“Ganz sécher. Ech mengen, dat ass jo och d’Absicht vun deem Ganzen, datt elo dat neit Format iwwerhaapt kreéiert gëtt. Gutt, ech si mol gespaant, wat dann do soll derbäi erauskommen. Et ass jo keng Tripartite, well de Premier och gesot huet, mir si jo net an enger Kris. Mee trotzdeem, ech mengen de Sozialdialog, do ass e Munches ze maachen. An da wier et och gutt, datt dat hei esou preparéiert gëtt, datt een herno och d’ Impressioun huet an och gesäit, datt et wierklech Sozialdialog ass.”

D'Reaktiounen op de Sozialdësch
De Sozialdialog wier net just de Gewerkschaften, mä och dem Patronat wichteg, betount d’UEL

Politesch Oppositioun: “Schéi Wierder”, “hätt dat scho laang gemaach”, “nach näischt decidéiert”

Gutt, datt de Premier de Sozialdialog wëll verbesseren, mee wat zielt, ass, wat duerno d’Regierung tatsächlech mécht. Esou kann een d’Reaktioun vun der politescher Oppositioun op d’Annonce vum Luc Frieden graff resuméieren.

“Dat do ware Mol schéi Wierder, elo muss ee kucken, wat se draus maachen”, esou d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding am RTL-Interview. Eng weider “Sozialronn” misst och op Kompromësser auslafen, esou d’Taina Bofferding, déi och iwwerzeegt ass, datt eng Moderniséierung vum Aarbechtsrecht duerchaus mat de Gewerkschafte méiglech ass. Fir si hätt d’Regierung “vill Porzeläin gebrach” an de leschte Méint. Besonnesch dem Aarbechtsminister Georges Mischo seng Reduktioun vun de Gewerkschaften op eng kleng Roll wier “méi ewéi eng Frechheet” gewiescht.

D’gréng Deputéiert Sam Tanson notéiert hirersäits d’Absence vum Georges Mischo bei der Reunioun mat OGBL an LCGB. Hir schéngt et, ewéi wa vläicht “dee klenge soziale Deel, deen et nach an der CSV-Fraktioun gëtt” et fäerdegbruecht hätt, datt awer elo op d’Gewerkschaften gelauschtert gëtt. D’Sam Tanson ënnersträicht awer, datt iwwerhaapt näischt decidéiert gouf a si erwaart sech vun de Sozialronnen, déi solle gedréint ginn, “kloer Concessiounen” en Faveur vun de Gewerkschaften.

Den ADR Fraktiounschef Fred Keup, deen hätt, wann hie Premier wier, d’Gewerkschaften “scho laang” agelueden. Et wier wichteg, datt een zesumme schwätzt, och wann een net der selwechter Meenung ass. A sengen Ae kann een zu enger Léisung kommen, wa jiddereen e bësse “lassléisst vu sengen Idealer” an op deen aneren duergeet. Fir den ADR-Fraktiounschef wier et awer da virun allem wichteg, datt d’Vollek eng Decisioun matdréit. Hie stellt fest, datt d’Regierung seng Ziler hätt an d’Gewerkschaften dat wéilte verhënneren, iwwerdeems d’Leit gedeelter Meenung wieren.

Sozialdësch: D'Reaktioune vun der Oppositioun
“Dat do ware Mol schéi Wierder, elo muss ee kucken, wat se draus maachen”, esou d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding am RTL-Interview.

Lex Delles a Georges Mischo gesi Sozialdialog net a Gefor

En Dënschdeg huet de Premierminister Luc Frieden d’Presidente vun den zwou gréisste Gewerkschafte vum Land, OGBL an LCGB, fir eng Entrevue empfaangen.

En Dënschdeg huet de Premierminister Luc Frieden d’Presidente vun den zwou gréisste Gewerkschafte vum Land, OGBL an LCGB, fir eng Entrevue empfaangen. D’Nora Back an de Patrick Dury hu sech dono schonn zefridden doriwwer gewisen, datt den Dialog tëscht Regierung a Gewerkschafte weiderhi besteet. An deenen nächste Woche soll eng Entrevue mat alle Sozialpartner, also och dem Patronat organiséiert ginn, fir de Sozialdialog weider ze fleegen. Déi zoustänneg Ressortministere begréissen dat, betounen awer gläichzäiteg, datt den Dialog och virdrun net esou schlecht gewiescht wier.

Virop den Aarbechtsminister Georges Mischo. Hien hätt d’Gewerkschaften no der ominéiser Reunioun vum “Comité permanent du travail et de l’emploi”, kuerz CTPE, déi d’Syndikater verlooss haten, ëmmerhi schonn eng Kéier gesi gehat. Datt him dono vun de Gewerkschafte reprochéiert gouf, net méi schwätzen ze wëllen, kommentéiert de Georges Mischo esou:

“Ech war awer trotzdeem e bëssi erstaunt, wéi ech d’lescht Woch op der Antenn héieren hunn, datt ech net méi wéilt schwätzen. Ech hat keng Ufro, ech hu bei deenen zwee Sekretariater nogefrot, ob eng Ufro erakomm wier, dat war net de Fall. An ech sinn ëmmer rëm bereet, mat de Sozialpartner ze schwätzen, esouwuel mat de Gewerkschafte wéi awer och mat de Patronen. An ech hunn net méi spéit wéi de Moie mam Patrick Dury telefonéiert, also ech hu guer kee Problem fir entweder ze telefonéieren, wann eppes vläicht méi séier muss goen oder eng Reunioun ze maachen.”

No der Relatioun tëscht Gewerkschaften an Aarbechtsminister gefrot, seet de Wirtschaftsminister an DP-Parteipresident Lex Delles, hie wier bei der ernimmter Sëtzung vum CTPE net dobäi gewiescht, ma ...

“Et ass natierlech ëmmer onglécklech, wann eng Partei opsteet a geet. Mir wëssen, datt mer dat awer och schonn an der Vergaangenheet haten, ech mengen et war eng Kéier, datt d’UEL opgestanen ass a gaangen ass. Sou datt dat leider virkënnt, mee eng Politik vum eidele Stull ze maachen, ass ni gutt. Et soll een ëmmer een Echange hunn, kënnen diskutéieren, och kontrovers diskutéieren, dat hu mer an der leschter Regierung gemaach, dat maache mer och an dëser Regierung. Also en Echange op verschiddene Plazen ze hunn, ass wichteg, dofir och déi Annonce ee Sozialdësch ze hunn.”

Béid Ministere betounen, datt de Contenu vun deem Sozialdësch, respektiv där Sozialronn, nach net definéiert wieren, ma een Austausch wier ëmmer gutt. De Georges Mischo huet dann awer och ënnerstrach, datt de CTPE dëst Joer, wéi am Gesetz virgesinn, op mannst dräi Mol beienee komme wäert. Wa weider Reuniounen oder aner Formater néideg wieren, wier hie bereet, mat dobäi ze sinn. Dat wier guer keen Thema.

Back to Top
CIM LOGO