Frae sinn net just bei der Prise en charge benodeelegt, mä och an der Recherche
Bis spéit an d'1980er Joren era gouf ausschliisslech de männleche Kierper als Modell studéiert.
A bis spéit an d'1990er Jore goufe Medikamenter ausschliisslech u Männer getest. Dat huet bis haut ganz uerg Konsequenzen.
Am Verhältnis gekuckt, stierwen nämlech vill méi Fraen un engem Häerzinfarkt wéi Männer, obwuel d'Männer statistesch gesi méi dacks een Infarkt maachen. Donieft ass et awer esou, dass d'Symptomer vu Fraen dacks net eescht geholl, erkläert Dr. Emmanuelle Wilhelm. Si schafft an der Parkinson-Recherche zu Madrid.
"Wat mer och mierken als Dokteren, an dat ass och absolut wichteg ze soen, ass d'Frustratioun vun de Fraen. Dat heescht d’Frustratioun vun de Fraen, déi bei den Dokter gi mat hire Symptomer, déi mir vläicht an eisem Referenz-System esou net geléiert hunn. An da gëtt dat schnell etiquetéiert als 'si erfënnt sech dat elo', also et ass si net eescht geholl ginn. Do si vill Fraen, also Patienten am Generellen, ma virop Fraen, frustréiert mat der Prise en charge bei den Dokteren, dass si fillen, dass hinnen net nogelauschtert gëtt an dann och éischter no Alternativmedezin sichen."
Mee net just bei der Prise en charge sinn d'Frae benodeelegt. Och an der Recherche gouf ganz laang kee biologeschen Ënnerscheed gemaach tëscht Männer a Fraen.
“Wa mer Medikamenter verschreiwen, déi gi vu Fraen a Männer net op déi nämmlecht Aart a Weis vum Kierper verschafft. Dat heescht Pharmakodynamik a Pharmakokinetik ka fir Männer a Frae verschidde sinn, duerch hiert Kierpergewiicht, hir Anatomie, hiren Usaz vu Fett asw. Da kënne Frae schnell iwwerdoséiert sinn oder dass duerch de menstrualen Zyklus d'Medikamenter deelweis kënne méi geféierlech sinn, well de menstrualen Zyklus och deelweis een Effet huet op d'Konzentratioun vun de Medikamenter."
Och hei zu Lëtzebuerg huet een de sougenannten Gender-Bias an der Medezin um Schierm, erkläert Dr Françoise Berthet, Presidentin vum Observatoire national de la Santé.
"Notre mission est aussi de faire de la lumière et le plus de lumière possible sur cette problématique pour soutenir les politiques de santé. Maintenant lancer une étude, ce n'est pas notre rôle. Par contre l'exploitation de données déjà existantes, c'est dans nos missions. Et là il y a, en réalité, déjà beaucoup de données existantes, qui pourraient être exploitées. Laissez-nous juste un petit peu de temps pour pouvoir le faire."
Op alle Fall misst elo iwwerall, mee och am Grand-Duché e groussen Effort gemaach ginn, fir op dës Problematik ze sensibiliséieren.
"Tant au niveau des professionnels de santé eux-mêmes qu’au niveau de la population. Parce que souvent ce qu’on entend c’est qu’il y a des différences d’accès au soin, des différences dans la couverture des soins. Les femmes déclarent plus souvent qu’elles ont des besoins non-satisfaits ou qu’elles n’ont pas été entendus."
Och bei der Recherche misst onbedéngt eppes geschéien, fir dass Frae genee sou gutt kënnen diagnostizéiert an therapéiert gi wéi Männer. Historesch gesinn, wieren Etüden iwwer Geschlechter-Ënnerscheeder nämlech ënnerfinanzéiert. Béid Doktesche si sech och eens, dass am Enseignement vun den zukünftegen Dokteren nach vill Efforte musse gemaach ginn.
E Samschdeg geet et an eiser Emissioun "Background am Gespréich" och iwwer d'Gesondheet vun de Fraen. Invitéiert sinn d'Chantal Keller vun der Asbl Blëtz, d'Shirley Feider vun der Patienten-Associatioun CAPAT an d'Claire Schadeck vum CID Fraen an Gender.