E Samschdeg war d'Gesondheet vun de Frae Sujet an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

"Et gëtt eng Diskriminéierung via-à-vis vun de Fraen an der Medezin an an der Recherche. Mir hunn e strukturelle Problem am System." Doriwwer ware sech eis Invitéeën am Background eens, an deem sech alles ëm d'Thema Gesondheet vun de Frae gedréit huet. Invitéeë waren d'Shirley Feider, d’Presidentin vun der CAPAT, dem Cercle vun de Patienten-Associatiounen, d'Chantal Keller, Infirmière, Autorin, Presidentin a Grënner vun der asbl Blëtz an d'Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender.

Resumé Background / Rep. Claudia Kollwelter

Manktem u Chifferen a Statistiken
 
Ee Problem wier d’Feeldiagnose bei ville Patientinnen, e weideren, datt et net wierklech Chifferen oder Etüde ginn iwwert d’Gesondheet vun de Fraen. An Februar soll allerdéngs eng Etüd iwwer Gender vum Ministère des égalités des chances zesumme mam Luxembourg Institut of Health presentéiert ginn, op déi gespaant gewaart gëtt. Et wier een deemno schonn an enger Phas, wou vill iwwert d'Thema geschwat gëtt an dat gëtt begréisst, mä et wier awer genee sou wichteg, Chifferen ze hunn, huet d'Shirley Feider ënnerstrach.

D'Presidentin a Grënnerin vun der asbl Blëtz Chantal Keller huet an deem Kontext betount, datt et och beim Hiereschlag net genuch Chiffere ginn an ee sech dofir als Asbl selwer engagéiert huet, där ze sammelen. Zanter dem Ufank vun dësem Joer sammelt een dofir Donnéeë vun de Leit, déi sech bei hinne per Telefon mëllen, fir esou eng Statistik kënnen z'erstellen. Dem Gesondheetsministère no géif den Duerchschnëttsalter vu Leit, déi e Schlag maachen, bei 75 Joer leien. D'Chantal Keller seet awer, datt aus den Donnéeën, déi si bis ewell hunn, d'Moyenne bei 57 Joer läit. Männer a Frae wieren nämmlecht betraff. 
 
Wou kënnt de strukturelle Problem hir?
 
Et wier effektiv eng Tendenz do, bei Fraen op d'psychesch Eebe kucken ze goen, wa si sech zum Beispill iwwert Kappwéi bekloen. Riets ass da vun der sougenannter "HH" Approche - hormonell an Hysterie. D'Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender huet betount, datt de Begrëff vun der Hysterie schonn extrem laang benotzt gëtt. Fréier bei Fraen, déi sech zum Beispill getraut hunn, sech politesch ze äusseren, oder wa se de Flichten aus hirem Mariage net nokomme wollten an net mat hirem Partner schlofe wollten. Da goufe se a Klinik bruecht a kruten d'Diagnos "Hysterie". Dat wier kloer d'Konsequenz vu Stereotyppen a Geschlechterstereotyppe géifen et bis haut nach ginn. Dat géif awer dacks dozou féieren, datt Krankheete bei Fraen ze spéit diagnostizéiert ginn. 
 
Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra um medezinesche Volet si villfälteg
 
D'Diagnos vu rare Krankheeten als Beispill dauert an der Moyenne bei Frae 5,4 Joer, bei Männer just 3,9 Joer, huet d’Presidentin vum Cercle vun de Patienten-Associatiounen ënnerstrach. D'Symptomatik vu Männer a Frae misst méi genee analyséiert ginn, mä och bei de Medikamenter missten d'Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter seriö geholl ginn. Net just den Alter an d'Gewiicht vun enger Persoun misst beim Verschreiwe vu Medikamenter consideréiert ginn, mä och d'Geschlecht. Frae géifen zum Beispill Medikamenter vill manner gutt ausscheede wéi Männer. Fraen hätten och vill méi dacks Niewewierkungen a brauchen dacks guer net esou eng héich Dosis vun engem Medikament wéi e Mann, gouf präziséiert. 
 
Wat maachen, wann ee betraff ass?
 
Wann een am Fall ass, datt ee wéinst sengem Geschlecht net seriö geholl gëtt, oder d’Gefill huet, dowéinst e falschen Diagnostik krut ze hunn, ginn et Ulafplazen. Bei de Klinicke géifen et dacks Méiglechkeete ginn, dëst iwwert hiren Internetsite ze mellen, et gëtt och e Gesondheetsmediateur an d’Patientevertriedung kann een och kontaktéieren, wann ee mengt, et wier eppes schif gelaf. D’Invitéeë ware sech awer eens, datt et do nach méi einfach Feedback Méiglechkeete misste ginn.
 
Fuerderungen u Politik an doriwwer eraus
 
Un d'Politik waren et d'Fuerderunge vun den Invitéeën, datt méi an d'Fuerschung investéiert gëtt. Nieft dem finanziellen Aspekt, misst u verschidde Punkte méi tëscht de verschiddene Ministèren zesummegeschafft ginn.

Fir datt sech eppes un der Situatioun ännert, misst u verschidde Schrauwe gläichzäiteg gedréit ginn hunn d'Invitéeën ënnerstrach. Engersäits misst vill op d’Sensibiliséierung gesat ginn, bei de Leit dobaussen, mä och spezifesch an de Klinicken zum Beispill. De Studium vun de Gesondheetsberuffer misst deelweis och op de Leescht geholl ginn an zum Beispill missten zukünfteg Medezinner, Infirmieren an sou weider obligatoresch Gender-Etüde maachen an déi Professionell, déi schonn um Terrain schaffen, Formatioune kréien, déi net just op Theorie, mäe och op Praxis ausgeriicht sinn.

Background am Gespréich vum 18. Januar 2025

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.