
Dëst Joer steet déi Woch ganz am Zeeche vun der Erënnerung un den Zweete Weltkrich, dee virun 80 Joer op een Enn komm ass. E Méindeg goufen nieft enger Table ronde och siwe Workshoppen organiséiert, an deenen de Schüler verschidden Aspekter vum Zweete Weltkrich méi no bruecht goufen.
Deen een huet et op Bogota a Kolumbien verschloen, deen aneren a Südafrika, déi aner an d’USA op Chicago. D’Membere vum Julien Joseph senger Famill hunn op ville verschiddene Plazen eng nei Heemecht fonnt. Gezwongenermoossen, als Judden hätt hinne hinnen an engem Lëtzebuerg, dat vun Nazi-Däitschland besat war, nämlech wuel Schlëmmes gedreet. Am Workshop “Ma famille et la Shoah” huet de Julien Joseph den 3ième- an 2ième-Schüler d’Situatioun vun der jiddescher Populatioun viru, wärend an no der Occupatioun méi nobruecht. An déi Jonk hunn dobäi roueg an interesséiert nogelauschtert. An deenen anere Workshops goung et ëm d’Kollaboratioun, d’Militärkierfechter, Krichsminnen, Commemoratiounen a Monumenter, Radikaliséierung an ëm déi nei Ausstellung vum Recherchezenter C2DH. Déi Jonk waren duerno zefridden, virun allem een Aspekt ass gutt ukomm.
Schüler: “Einfach bëssi d’Interaktioun tëscht Proff a Schüler an och den Invitéen. Datt jidderee bëssi seng Froe konnt stellen an datt et net einfach Frontalcours war. Datt jidderee seng Froe beäntwert krut.”
Schüler: “Ech denken, datt et ganz wichteg ass, datt mer déi Commemoratioun gemaach hunn, datt mer un déi Leit geduecht hunn. Ech mengen, jiddereen, deen hei war, deem huet dat gefall, well mer och e bëssi interaktiv Aarbecht haten.”
Schüler: “Datt mer mol eng Kéier eng oppen Diskussioun konnten hunn. Well oft hunn d’Proffen hir Meenung zu engem Thema a mir kënnen eis net wierklech vill dozou äusseren. Awer haut waren déi Leit, déi komm sinn, ganz oppen, fir vun alle Siichten aus ze schwätzen an ech hunn dat richteg cool fonnt, mol eng Kéier seng Meenung oppen ze soen.”
Am Virfeld waren d’Schüler op d’Thematik preparéiert ginn:
“Jo, den Här Victor huet eis schonn dräi Wochen am Viraus am Geschichtscours virbereet. Mir hate sou puer Käertercher ausgedeelt kritt, wou eng Biografie vun de Leit drop war, déi deemools wärend der Occupatioun zu Lëtzebuerg gelieft hunn.”
D’Françoise Flesch ass Geschichtsproff an huet gehollef d’Semaine de la mémoire ze organiséieren. Fir déi Jonk hautdesdaags ze areechen, misst een och alt emol iwwert den Tellerrand erauskucken:
“Datt een am Fong de Schoulterrain verléisst a ronderëm kuckt, an de Muséeën, wat gëtt et vu Monumenter, do ginn et ënnerschiddlech Pisten. Do gouf an deene leschte Joren och ganz vill geschafft, Sentiers mémoriellen, déi opgebaut goufen, mat ënnerschiddlechen Themen. Dat ass schonn eng Méiglechkeet, fir si do praktesch mat anzebannen.”
Dat wier virun allem dowéinst wichteg, well 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich net méi vill Zäitzeien do sinn, fir hir Erënnerunge mat deenen nächste Generatiounen ze deelen.
An dës Woch ginn am Dikrecher Lycée classique nach weider Aktivitéiten organiséiert an och soss Zeeche gesat. E Freideg gëtt zum Beispill d’Bibliothéik vum Lycée nom fréiere Resistenzler Camille Sutor benannt.