Unanime an der Chamber gestëmmtGewerkschafte behalen Exklusivrecht bei Negociatioune fir Kollektivverträg

RTL Lëtzebuerg
Wochelaang gouf doriwwer diskutéiert, ob d‘Gewerkschafte sollen d‘Exklusivrecht behalen, fir Kollektivverträg ze negociéieren.
© RTL Archiv

En Dënschdeg de Mëtteg huet d‘Chamber unanime eng entspriechend Motioun ugeholl. Deemno sollen d‘Gewerkschaften déi eenzeg bleiwen, déi Kollektivverträg dierfen ënnerschreiwen.

Am Oktober zejoert haten d‘Majoritéitsparteien CSV an DP nach géint dës Motioun gestëmmt. Den LSAP-Deputéierten a fréiere Minister Georges Engel hat den Text en Dënschdeg awer nach eng Kéier deposéiert. Wéi et zu dësem Sënneswandel koum, hunn d‘Deputéiert vun der Oppositioun net verstanen. Ënnert anerem d‘Djuna Bernard vun déi Gréng huet betount, datt ee sech vill Diskussiounen hätt kënne spueren.

“Fakt ass, datt d‘Diskussioun, déi mir hei am Oktober gefouert hunn, an eng ganz aner Richtung gaangen ass. Säitdeem ass ganz vill Opreegung, grad op Säite vun de Gewerkschafte geschitt. Opreegung, déi mir ganz gutt konnten novollzéien, well se eben d‘Kärverständnis vun de Gewerkschaften a Fro gestallt huet. Eng Situatioun, déi total onnéideg war, wierklech net hätt musse sinn. Mir sinn zu Lëtzebuerg drop ugewisen, datt mir e staarke Sozialdialog hunn. An déi ganz Debatt, déi mir elo déi lescht dräi Méint hei hu musse féieren, waren alles mä net fërderlech.”

Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet um Enn nach eng Kéier betount, datt hien dat Exklusivrecht ni kontestéiert hätt.

RTL-News (21.10.24): Aarbechtsminister a Gewerkschafte si sech net eens: Wéi koum et zum Sträit ronderëm d’Kollektivverträg?
RTL-News (14.1.25): Entrevue tëscht Regierung a Gewerkschaften: Eng “Sozialronn”, fir de Sozialdialog ze “verbesseren”
RTL-News (4.12.24): Gemeinsam Aktioun vun OGBL an LCGB: “Mir wäerte gesinn, wien hei wie platt mécht”
RTL-News (25.10.24): Vun Exklusivitéit war net rieds: Frieden versprécht Gewerkschaften hiert “Recht”, Kollektivverträg ze verhandelen

Back to Top
CIM LOGO