
E klengen, mee och sensibelen a wichtegen Artikel. Dat well d’Assurancen op Basis vun den Donnéeë jee no Krankheet oder jee no Profil vun engem Client, deen zum Beispill Kriibs hat, mee geheelt ass, hir Berechnunge maachen.
Den Artikel géing Rechtssécherheet schafen a gouf mat 39 Jo-Stëmme guttgeheescht. Allerdéngs gouf et vill Diskussiounen iwwert den “Droit à l’oubli” fir verschidde Versécherungen respektiv Krankheeten, deen am Gesetz elo “vergiess” ass. Et gëtt zwar eng Konventioun tëscht dem Staat an dem Assurancësecteur, déi en Droit à l’oubli virgesäit, mee och eng Grille, déi bestëmmt, fir wéi eng Kriibsaarten zum Beispill et kann eng Surprime ginn.
Kritik gouf et notamment vum Piratendéputéierte Sven Clement, datt privat Versécherungsgesellschaften al Donnéeë vu Cliente kéinte weider benotzen respektiv vum Deputéierten vun déi Lénk Marc Baum, datt de kommerziellen Aspekt favoriséiert géing ginn. Eng Motioun vun der LSAP, fir bannent engem Joer en Droit à l’oubli an deem Beräich gesetzlech als Projet ze deposéieren, gouf vun de Majoritéitsparteie verworf.
CSV an DP hunn awer eng Motioun guttgeheescht, déi d’Regierung opfuerdert, d’Evaluatioun vun der Grille de référence z’acceleréieren. D’Oppositioun huet déi Motioun net matgedroen, well se net wäit genuch géing goen.