300 Kilo Fleesch a Fësch entsuergt

© Diana Hoffmann
Bei enger Kontroll vu 14 Liewensmëttelgeschäfter zu Esch de leschte Mëttwoch waren a 5 Fäll Saachen net an der Rei.
Eng Woch ass et hier, dass no offizielle Kontrollen an Epicerien hu mussen 300 Kilogramm Liewensmëttel entsuergt ginn. Dobäi huet et sech ëm Fleesch a Fësch gehandelt. Eng Woch drop gëtt d’Administratioun fir Liewensmëttelsécherheet Alva (Administration luxembourgeoise vététinaire et alimentaire) weider Detailer. "An de meeschte Fäll war de Problem, dass d’Betriber net konnten noweisen, wou de Produit hierkoum", erkläert d’Josiane Dahm, Inspectrice bei der Alva. Dobäi handelt et sech ëm Produiten, déi ëmgefëllt goufen a wou keng Etikett drop war. Weder Liwwerschäiner nach eng Rechnung hätte kënne virgewise ginn. "De Produit ass dann am Geschäft, wéi wann e schwaarz kaaft gi wier. Dat ass warscheinlech net de Fall, mee et kann een net ausschléissen", ënnersträicht de François Zimer, Chef vum Service vun der Liewensmëttelsécherheet. Dëst géing dann e Risk fir d’Sécherheet vum Produit duerstellen.
Bei der Kontroll zu Esch, déi vun der Police, der Douane, der ITM an der Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung zesummen duerchgefouert gouf, ware 14 Liewensmëttelgeschäfter kontrolléiert ginn. A 5 dovunner goufen déi 300 Kilo Fësch a Fleesch saiséiert. Ee Buttek huet musse wéinst Mangel un Hygiène bis op Weideres zoumaachen. Wourëms genee et hei gaangen ass, wollt ee bei der Alva net soen. "Mir maache kee Buttek zou, well do dräi verschimmelt Tomate leien oder zwee ofgelafe Produiten", gëtt d’Josiane Dahm ze bedenken.
Bei de Geschäfter, wou d’Verstéiss festgestallt goufen, huet et sech ëm kleng Epicerië gehandelt, déi net zu enger Chaîne gehéieren. Et wier kee Restaurant a keen Imbiss concernéiert gewiescht. Souvill kéint een dozou soen. Dee Buttek, deen huet missen zoumaachen, hätt awer antëscht nees kënnen op maachen. "Wann e Risk fir de Konsument besteet, kënne mer de Buttek fir 48 Stonnen zoumaachen", preziséiert de François Zimer. Dono gëtt nach eng Kéier eng Kontroll gemaach. Wann et keng Verbesserunge gëtt, kann d’Fermeture ëm 30 Deeg verlängert ginn.
Deeglech Kontrollen an de Secteuren, wou Liewensmëttel gehandelt ginn
All Dag féiert d’Liewensmëttelverwaltung Kontrollen an alle Secteuren duerch, déi am Liewensmëttelberäich sinn. A Geschäfter, Epicerien, Imbissen a Restauranten. D’Inspektere géingen iwwer 1.500 Kontrollen am Joer eleng an der Restauratioun an am Commerce duerchféieren. "Mir sinn all Dag ënnerwee, fir schwaarz Schof ze fannen", seet d’Josiane Dahm. Meeschtens dann eleng an net am Kader vun enger Campagne, wéi dat d’lescht Woch de Fall war. "Ab und zu huet een eent", füügt de François Zimer bäi. Dat kéim generell all puer Méint vir. E Problem mat schlechter Qualitéit vu Fleesch oder Fësch hätt een awer net. Bei de Fäll vu leschter Woch géing et jo an éischter Linn ëm de Fait goen, dass d’Traçabilitéit vum Produit net gi gewiescht wier.
Generell gëllt: Wann ee krank war a mengt, dass dat ausgeléist gouf, well een eppes Schlechtes giess huet, kann ee sech och direkt un d’Liewensmëttelverwaltung riichten. Am beschten iwwert hiren Internetsite: Securité alimentaire. Och am Fall, wann een eppes an engem Restaurant oder Liewensmëttelgeschäft gesinn huet, wat kéint géint de Prinzip vun der Liewensmëttelsécherheet verstoussen. Liewensmëttelverwaltung géing den Doleancen dann nogoen.