
22 Persounen hunn de Moment hei zu Lëtzebuerg eng Foussfessel un – 20 Männer an 2 Fraen. Dat präziséiert d’Justizministesch Elisabeth Margue an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP iwwer den elektronesche Bracelet.
A wéi enge Fäll gëtt déi Mesure geholl a wéi funktionéiert de System?
Den elektronesche Bracelet ass eng Alternativ, fir engem seng Strof net am Prisong ofsëtzen ze mussen. Et ginn awer verschidde Konditiounen, erkläert d’Elisabeth Margue.
“Éischtens muss een zu Lëtzebuerg wunnen an en Aarbechtsvertrag hunn oder eng Formatioun suivéieren. An et dierf een net als geféierlech agestuuft ginn an et kënnt just bei Strofen a Fro, déi ënner 3 Joer leien.”
D’Decisioun gëtt vum Parquet geholl oder vum Untersuchungsriichter an ass ofhängeg vum Dossier. Et ginn dann och zwee verschidden Typpe vu Bracelet, déi agesat kënne ginn.
“Et gëtt dee mat der Radiosfrequenz, deen de Moment benotzt gëtt, domat kann ee kucken ob eng Persoun doheem ass oder net. Et gëtt also eppes am Haus installéiert an da muss een tëscht verschiddenen Auerzäiten doheem sinn, an et gëtt just kontrolléiert, ass d’Persoun doheem oder net.”
Den zweeten Typ funktionéiert mat GPS.
“Wou een och carrement ka kucken, wou geet d’Persoun hin respektiv ass se an där Zon wou se soll sinn oder geet se an eng Zon wou se net soll sinn.”
Ma do missten nach eng Partie technesch Froe gekläert ginn, huet d’Justizministesch betount. Aktuell ginn d’Foussfesselen am Prisong iwwerwaacht. Géif ee méi op GPS setzen, misst och gekläert ginn, wien déi Iwwerwaachung mécht, déi jo vill méi opwenneg ass.
2024 haten 49 Persounen e bracelet életronique un, 7 dovunner hu sech net un d’Auerzäite gehalen, wou se hätte missen doheem sinn, a sinn deemno rëm an de Prisong komm. Eng weider Iwwerleeung wier awer och d’Foussfessel zum Beispill a Fäll vun haislecher Gewalt preventiv anzesetzen, huet d’Elisabeth Margue nach präziséiert.