No Entrevue mat der EU-KommissiounspresidentinKontrollen op de Bannegrenze si fir de Luc Frieden keng Léisung

Anne Wolff
E Méindegmoie war d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen fir d'Vereedegung vun der neier Kommissioun um Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg.

An deem Kader gouf si och vum Premier Luc Frieden empfaangen. Et hätt een haaptsächlech iwwert den europäesche Bannemarché geschwat.

“Fir ze kucken, dass déi Iwwerreglementéierung, déi mir an de leschte Joren an Europa gemaach hunn, dass déi net dozou féiert, dass Aarbechtsplazen aus Europa ewechginn op aner Plazen op der Welt, wat schlecht wier fir eise Wuelstand. Et war en Echange, dee ganz beräicherend war, well ech gemierkt hunn, dass déi nei Kommissioun op ville Punkten d’Meenunge vu Lëtzebuerg deelt”, huet de Lëtzebuerger Premier d’Gespréich resuméiert.

Ma och déi däitsch Grenzkontrolle waren e Sujet. Lëtzebuerg hätt insistéiert, dass de Schengenaccord misst respektéiert ginn. Aktuell géif et an enger Rëtsch vu Länner Problemer, mee déi géif een net duerch Banne-Grenzkontrolle léisen. De Luc Frieden geet awer dervun aus, dass déi Situatioun sech an den nächste Méint an Europa nees verbesseren dierft.

De Luc Frieden huet och op déi ugespaante Situatioun am Sträit tëscht dem Aarbechtsminister Georges Mischo an de Gewerkschafte reagéiert. E Méindeg souze sech an engem Face-à-face op RTL d’OGBL-Presidentin Nora Back an den CSV-Fraktiouns-Chef Marc Spautz géigeniwwer, well de Georges Mischo der Invitatioun net nokomm war. De Premier betount, d’Regierung wéilt weider den Dialog sichen, ma wéini déi nächst Entrevuë mat de Gewerkschaften ustinn, steet nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO