Tëscht Blaaschent an AmberEng Persoun no Kollisioun mat Bam blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 16.20 krut um CR122 an Direktioun Amber een Auto e Bam ze paken. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Lëntgen hunn dem Blesséierten op der Plaz gehollef.
© Domingos Oliveira

De Chauffer hat d’Kontroll iwwert d’Gefier verluer an ass op der anerer Stroossesäit frontal an e Bam gerannt. Hie gouf doropshin an d’Spidol bruecht. Fir den Trafic gouf eng Spuer gespaart.

© Domingos Oliveira

Kuerz virun 13.30 gouf et dann op der A1 a Richtung Stad e Méindeg eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion, bei där sech eng Persoun blesséiert huet. Eng Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz vum Accident.

Ee Blesséierte gouf et moies och an der Rue de l’Eglise zu Péiteng. Hei war een Auto an e Bam gerannt. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Péiteng hunn dem Chauffer gehollef.

Back to Top
CIM LOGO