Den zwou grousse Gewerkschaften no géing de Sozialmodell permanent attackéiert. Den annoncéierte Sozialdësch misst séier kommen.

Fënnef Méint Zäit ginn déi zwou Gewerkschaften OGBL an LCGB der Regierung, fir zu enger Léisung ze kommen, soss géif et den 28. Juni e Front syndical op der Strooss. Scho vun e Mëttwoch u kéim et zu gewerkschaftlechen Aktiounen. Si schwätze vu sozialer Apartheid a permanenten Attacken op de Lëtzebuerger Sozialmodell, sief et bei der Reform vun den Ëffnungszäiten, der Sonndesaarbecht, der Debatt iwwert de Pensiounssystem an dem Sträit, wien d’Kollektivverträg aushandelen däerf a wat an dës stoe kënnt. Sträitpunkt ware jo do d’Aarbechtszäiten an d’Bezuelung.

Onzefridden ass een och, well de Participatiouns-Taux vun de Sozialwalen (ronn 34 Prozent)  ëmmer nees eru gezu géif, fir d’Bedeitung vun de Gewerkschaften ze limitéieren. Déi dréien elo de Spiiss ëm a betounen, dass d’Féderation des Artisans ënner 30 Prozent vun de Betriber géif representéieren. Op RTL- Nofro hi confirméiert de President Luc Meyer, dass dat zwar richteg wier, allerdéngs wieren de Groussdeel vun de Betriber der mat 0-1 Salariéë, sougenannte Sàrl-s. D’Handwierksbetriber mat méi Salariéë wieren duerchaus gréisstendeels bei der Federation des Artisans ageschriwwen (iwwer 3.000), domat géif een also gekuckt op d’Beschäftegung d’Majoritéit representéieren.

D’Vertrauen tëscht Regierung a Gewerkschafte wier ugeknackst, esou de Constat op der Pressekonferenz. vun de Gewerkschaften. LCGB an OGBL stéingen enk beieneen an hunn op der Pressekonferenz d’Courrieren  tëscht hinnen, dem Aarbechtsminister Georges Mischo an dem Premier Luc Frieden opgeluecht, grad wéi den Avant-projet vum Plan national fir d’Fërderung vu Kollektivverhandlungen (Plan National pour promouvoir la négociation collective). Do géif d’Bedeitung vun de Gewerkschafte kleng gemaach ginn.

D’Gewerkschafte soe sech oppe fir weider Verhandlunge mat der Regierung, ma deen annoncéierte Sozialdësch misst zäitno kommen an et misst och kloer sinn, dass d’Gewerkschaften net nëmme gehéiert, mee hir Positioun och berécksiichtegt géif. D’Regierung dierft net eleng decidéieren.

LCGB an OGBL fuerderen och, dass bis zum Sozialdësch keng Gesetzer an den ëmstriddenen Dossiere vun de Kollektivverträg, den Ëffnungszäiten an der Sonndesaarbecht dierfte gestëmmt ginn.