
Et huet ugefaangen, wéi hatt wollt sengem Papp eng gutt Nuecht wënschen, sot dat jéngst vun den zwee Affer Enn 2023 dem Kommissär vun der Police judiciaire. Bei dësen Aussoe war d’Meedche 14 Joer al. Ënnert der Decken hätt den Ugekloten hatt u senger Broscht ugepaakt. Ma scho Joren ier dëst passéiert ass, hätt säi Papp sech och schonn u senger grousser Schwëster sexuell vergraff. Jore méi spéit hat déi jonk Fra vun haut 19 Joer eréischt de Courage fonnt, bei d’Police ze goen. Dat nodeems si de Verdacht hat, dass och hir kleng Schwëster géing vun hirem Papp mëssbraucht ginn.
Tëschent 2015 an 2023 hätt de 40 Joer alen Ugekloten, seng zwou Duechteren, déi deemools tëscht 9 a 14 respektiv tëscht 12 a 14 Joer al waren, sexuell mëssbraucht. Hien hätt déi zwee souwuel un der Broscht wéi och tëscht de Been ugepaakt. Seng méi al Duechter hätt hien och mat senge Fanger penetréiert. Doriwwer eraus hätt hien déi zwee opgefuerdert, hie mat der Hand ze befriddegen a säi Penis an de Mond ze huelen. Dofir hätt hien och hire Kapp dohinner gedréckt. “Ech misst säi Penis lutschen”, sot eent vun de Meedercher dem Kommissär vun der Police judiciaire. Besonnesch, wann d’Eltere Sträit gehat hätten, wier hien un hatt gaangen. D’Mamm wëll vun deem Ganzen awer näischt matkritt hunn. Mat 9, 10 Joer hätten d’Iwwergrëff bei der méi aler Duechter ugefaangen. Heiansdo ee Mol de Mount, heiansdo dräi bis véier Mol. Wéi hatt 14, 15 Joer gehat hätt, hätten dës opgehalen. Ma bei senger klenger Schwëster, sollte se déi Joren dono nach weidergoen.
Wéi d’Kand 12 Joer al war, hätt d’Mësshandlung duerch säi Papp ugefaangen. Bis zu quasi deem Ament, wéi et den 23. Oktober 2023 bei d’Police op de Büro bruecht ginn ass. Seng grouss Schwëster, war mat hirem Frënd dohinner gaangen, fir d’Faiten ze denoncéieren, och wa si deen Ament net méi Affer vun hirem Papp war. “Mir si wéi eng Spillsaach fir hie gewiescht an dat war him egal”, hat di haut 16 Joer jonk Fra zu hirer Affekotin gesot.
Dem Ugeklote seng Aussoe viru Geriicht waren dann éischter inkoherent. Hie wollt sech un näischt méi kënnen erënneren. De Riichter huet dozou gemengt, dat wier wuel e bëssi einfach, fir keng Responsabilitéit mussen z’iwwerhuelen. Dem Ugeklote seng Affekotin geet dann dovunner aus, dass et sech géing em eng Zort Verdrängung handelen. Den Expert an der Psychologie konnt beim Mann keng psychesch Krankheeten erkennen, déi säi Behuelen hätt kënnen influenzéieren. Just Pedophilie hätt hie festgehalen. Och hätt de Mann en normaalt Sozialliewe gehat. Wann den Ugeklote frustréiert gewiescht wier, besonnesch well en extrem jalouse Mënsch wier, hätt hie sech Pornoen ugekuckt. Dobäi géing hie sech mat den Acteure vergläichen a wier dann der Meenung gewiescht, dass hie manner gutt bestéckt wier.
Och de Psychiater schwätzt dovunner, dass de Mann sech wéilt an där heiten Affär deresponsabiliséieren. Dacks hätt de Papp behaapt, dass d’Zäertlechkeete vu sengen Duechteren ausgaange wieren. An dass hie geduecht hätt, dass si e Pleséier un den Akte gehat hätten. “Zu kengem Moment waren dat Zäertlechkeeten an zu kengem Moment war dat iergend e Pleséier”, huet d’Affekotin vun enger vun de jonke Frae betount. Hir Mandantin wäert dat net kënne vergiessen an ëmmer ënner de Vergewaltegungen an der sexueller Mësshandlung leiden.
Am Geriichtssall waren och déi zwou jonk Fraen, vun haut 16 an 19 Joer. Bei den Ausféierunge vun de Faite si si ëmmer nees an Tréinen ausgebrach.
De Parquet fuerdert 24 Joer Prisong mat eventuell engem Deel Sursis probatoire, dorunner gebonnen, dass den Ugekloten eng Therapie mécht. Den Expert-Psychiater huet awer ze bedenke ginn, dass et schwéier wär, eng erfollegräich Therapie ze maachen, wa keng Asiicht a kee Scholdgefill vum Täter do wieren. Déi zwou Partie-civille froe Schuedenersatz an Héicht vun all Kéiers 60.000 Euro.
D’Urteel gëtt den 13. Mäerz gesprach.