Parquet freet 20 Joer PrisongBrutalen Ugrëff an der Drogenzeen zu Esch

Diana Hoffmann
Zu Esch huet ee Mann deen anere brutal zesummegeschloe, wëll dëse gemengt huet, seng Frëndin wier beleidegt ginn. 
© Diana Hoffmann / RTL

Den 12. Oktober 2023 war et op der Gemengeplaz zu Esch zu engem brutalen Ugrëff komm, bei deem e Mann ënner anerem d’Gesiicht bluddeg geschloe krut. Well d’Police séier op der Plaz war, konnt wuel méi Schlëmmes verhënnert ginn.

Wat war passéiert? Wéi méi dacks, haten sech Léit aus der Drogenzeen nieft der Gemeng getraff, fir Drogen ze consomméieren. D’Affer huet en Joint mat der Frëndin vum Täter gedeelt. Wou de Mann dru gezunn hat, huet en dëse virun d’Fra op de Buedem geheit, wëll si ze wäit ewech souz, fir en hier ze ginn. “Wéi een dat bei eis esou mécht”, sot dat schmächtegt Affer virun de Riichter. Doropshin hätt d’Fra zu hirem Partner gesot: “Kuck hie behandelt mech wéi en Hond”, wouropshin dëse relativ séier ausgerasst wier an op d’Affer ageschloen huet. “Nodeems hie mech fäerdeg maltraitéiert hat, war hie mam Messer viru mir. Mam Grëff vun dësem huet e mer op de Kapp geschloe”, sou de sichtlech ängschtleche Mann.

Stéchverletzungen duerch d’Messer huet hien awer net erlidden. Ma hien hat eng Schank am Gesiicht gebrach, géing haut méi schlecht gesinn, hätt zwee Wierbele gebrach oder verstaucht gehat an d’Ae komplett zou geschwollen. Um Kapp hätt hien divers Narben, an ëmmer nach psychesch Problemer fir dat ganzt ze verschaffen. “All Kéiers wann ech hien zu Esch gesinn, fäerten ech, dass et nach eng Kéier esou wäit kéint kommen. Mee e léisst mech mat Rou”, erkläert d’Affer, wat dem Riichter och sot, haut nach ëmmer Kokain ze consomméieren. Mee hie wier net méi an der Zeen. Hien géing dat just heiansdo Doheem maachen.

Den ugeklote Mann ass den Ament op fräiem Fouss, an ass net fir de Prozess an d’Stad komm. Och géing hie sech net méi ëm säin Dossier këmmeren, an hätt keen Affekot méi, huet et geheescht.

“En ass reegelrecht ausgetickt an huet sech um Affer vergaangen”, sot dann d’Vertriederin vum Parquet an hirem kuerze Requisitoire. Si freet d’Riichter versichten Doudschlag zréckzehalen. Ëmmerhi kéint net ausgeschloss ginn, dass et net hätt kënnen zum Dout kommen. Bei dem Ugeklote wier da vum psychiatreschen Expert weder eng Krankheet, nach eng Steierung festgestallt ginn, déi säi Verhale kéint erklären. De Polizist, deen den Dag vum Fait op der Plaz war, hat virun de Riichter just gesot, dass de Beamten zimmlech séier opgefall wier, dass en ënner Drogen oder Alkoholafloss gestanen hätt, “well en net ganz normal gewierkt huet”. D’Procureure mengt dann, den Ugeklote wier sech bis haut senger Schold net bewosst.

Fir versichten Doudschlag si Strofen tëscht 20 an 30 Joer Prisong virgesi. Den Ugekloten hätt keng bedeitend Virstrofen. Aus dësem Grond freet de Parquet eng Strof vun 20 Joer Prisong. D’Partie Civile fuerdert e Schuedenersatz fir d’Affer vun 20.000 Euro.

D’Urteel gëtt den 13. Mäerz gesprach.

Back to Top
CIM LOGO