
Vill Kanner wéinst Gripp am Spidol
Aus der Kannerklinik war et dës Woch d’Nouvelle, datt besonnesch vill Kanner de Moment mat schwéieren Otemweekrankheeten ze kämpfen hunn. Et wier eng richteg Epidemie, esou d’Dokter Isabelle de la Fuente. D’Zuele wiere ronn duebelt esou héich, wéi d’lescht Joer. Souwuel bei de Better am Spidol, wéi och bei de Consultatiounen an an den Urgencen, wier ee praktesch un de Limitten ukomm.
Aus dem Centre Hospitalier an der Stad gëtt et an enger anerer Saach allerdéngs gutt Nouvellen: Do gëtt elo de sougenannte Payement immédiat direct (PID) applizéiert. Doduerch mussen d’Patienten d’Käschte vun Traitementer net méi virstrecken an d’Rechnunge mussen net méi un d’CNS geschéckt ginn.
Police sicht no déidlechem Accident no Zeien
De Mëttwochmoien huet mat enger traureger Nouvelle ugefaangen: op der Place du Marché zu Réimech gouf ee 85 Joer ale Mann vun engem Camion erfaasst an ass nach op der Onglécksplaz verstuerwen. D’Police sicht an deem Kader elo no Zeien.
Nei Kontrollstatiounen am Land
Wann Dir mam Auto op Sandweiler musst, da kënnt Dir dofir elo och op Wickreng an op de Rouscht goen. Do hunn nämlech dës Woch zwou nei Kontrollstatiounen hier Dieren opgemaach.
US-Stroftaxe suerge fir Irritatioun uechter d’Welt
D’Woch huet mat engem handfesten Handelssträit tëscht den USA a groussen Deeler vum Rescht vun der Welt ugefaangen. Den neien US-President Donald Trump huet Ufanks der Woch annoncéiert, Stroftaxen op Importer aus Mexiko, Kanada a China ze implementéieren. Wärend China sengersäits mat Stroftaxen op US-Produite geäntwert huet, hu Kanada a Mexiko de Kompromëss gesicht an d’US-Stroftaxe goufe fir ee Mount pauséiert.
Sollt den Donald Trump och Stroftaxen op Produiten aus der EU leeë wëllen, géif een dorops “mat de selwechte Mesuren äntweren”, esou de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden op engem informelle Sommet zu Bréissel. Wéi een Impakt US-Stroftaxen op Lëtzebuerger Betriber hätten, gitt Dir hei gewuer.
Gazasträif soll “Riviera” vum Noen Oste ginn
Déi nächst Schlagzeile vum neien US-President hunn dann net laang op sech waarde gelooss. Am Kader vun engem Besuch vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet den Donald Trump seng Pläng fir d’Gazasträif ëffentlech gemaach.
D’USA wéilten d’Gazasträif wann néideg mat Hëllef vum Militär an hire Besëtz bréngen an dorausser eng “Riviera” maachen. Déi ronn 2 Millioune Palestinenser sollen iwwerdeems ëmgesidelt ginn. Obwuel de President behaapt huet, seng Pläng hätte vill Ënnerstëtzer, huet sech d’Weltcommunautéit a groussen Deeler entsat iwwert de Plang gewisen.
Der RTL-Journalistin Dany Rasqué hire Commentaire zum Thema fannt Dir iwwerdeems hei.
Parquet confirméiert Enquête am Escher Spidol
RTL hat d’lescht Woch gemellt, dass eng Doktesch aus dem Escher Spidol suspendéiert gouf. Eisen Informatiounen no wier et eng Doktesch, déi op der Palliativstatioun schafft. Op Nofro huet de CHEM d’Suspensioun vun engem Member vum medezinesche Personal confirméiert. Dëse Méindeg war et dann d’Confirmatioun vum Parquet, datt een no enger Denonciatioun am Dezember 2024 d’Ermëttlungen opgeholl hätt. D’Reprochen, déi am Raum stinn, gi vun Homicide involontaire bis Homicide volontaire.https://www.rtl.lu/news/national/a/2273755.html
D’Belsch huet eng nei Regierung
An eisem Nopeschland gestalte sech Regierungsbildunge bekanntlecherweis schwéier, wëll déi verschidde Regiounen doranner musse vertruede sinn. Gewielt gouf Ufank Juni 2024, ma eréischt dës Woch koum eng Regierung zustanen. Ënnert dem 54 Joer ale Rietsnationalist Bart De Wever vun der Nei-Flamännesch Allianz (N-VA) réckelt d’Belsch mat senger neier Regierung no Riets. Kritik gouf et och no der Publikatioun vun der offizieller Foto vun der neier Regierung. Just véier vu 15 Ministerposte si vu Frae besat, an déi waren an der Foto an der zweeter Rei nëmme schwéier erëmzefannen.
Déi längsten Zäit ouni Regierung war d’Belsch iwwerdeems an de Joren 2010 an 2011. 541 Deeg sinn deemools tëscht de Walen an der Regierungsbildung vergaangen - ee weltwäite Rekord.
Grouss Plënneraktioun am Altersheem zu Nidderkuer
RTL-Kameraen hunn eng 150 Senioren an hir Fleeger dobäi begleet, wéi si aus dem Altersheem zu Nidderkuer an eng nei Struktur op Käerjeng geplënnert sinn. Obwuel dat neit Altersheem vill Conforte bitt, déi d’Awunner am ale Gebai net haten, si vill vun hinnen awer mat gemëschte Gefiller geplënnert. “Ech plënnere mat engem frouen Häerz, awer och mat engem trauregen”, sot eis zum Beispill déi 86 Joer al Anne-Marie Justen.