Schluss mat Sue virstrecken, déi vun der CNS iwwerholl ginn
D’Reegelung, déi et Patienten erméiglecht, d'Käschte fir medezinesch Traitementer net méi musse virzestrecken, gouf Enn 2023 agefouert.
Annerhallef Joer méi spéit dréit de sougenannte PID, de Paiement immédiat direct, déi éischt Friichten, well ëmmer méi Doktere participéieren.
An zanter dem Ufank vum Joer preparéiert och de Cente Hospitalier an der Stad de kompletten Ëmschwong op e System, deen et dem Client erlaabt, just nach dat ze bezuelen, wat en och wierklech muss. Eng Rechnung am Spidol – a besonnesch beim Spezialist - ka gäre mol déif an de Portmonnie schloen. D’Virstrecke vun e puer honnert Euro fält net jidderengem einfach, ma domat ass deemnächst op d’mannst emol am Centre Hospitalier op der Areler Strooss Schluss, erkläert Dr. Martine Georgen, Direktesch vum CHL: "Am CHL hu mer mat enger zentraliséierter Facturatioun fonctionéiert. Dat heescht, d’Rechnunge sinn ëmmer an enger Zentral ausgestallt ginn an duerno dem Client heemgeschéckt ginn. Domadder hu se hir Rechnung bezuelt an déi Rechnung duerno un d’CNS geschéckt. Haut ass dat vill méi einfach. Et geet een zeréck an d’Receptioun an et kann ee seng Rechnung direkt bezuelen. D’Rechnung gëtt ausgestallt mam Honoraire, dee gëtt digital an automatesch direkt un d’CNS geschéckt. A mir kréien direkt vun der CNS dee Montant geschéckt, deen net iwwerholl gëtt."
An de Patient bezilt – duerch de Paiement immédiat direct - just nach dat wat d’CNS net rembourséiert. Aktuell notzen eng 900 vun de ronn 2.100 Dokteren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, de PID-Service. Couvréiert sinn domadder Ronn een Drëttel vun all den medezinesche Rechnungen, déi mam System kompatibel sinn, esou de Christian Oberlé, President vun der Gesondheetskeess: "Ganz am Ufank hu mer virun allem de liberale Secteur viséiert: d’Praxen. Fir eis war de CHL de gëeegente Partner, fir de PID an der Klinik ëmzesetzen. Ganz einfach, well d’Organisatioun eis hei entgéintkomm ass. Et ass een Informatiksystem an de Groussdeel vun den Doktere si Salariéen. Dat huet eis awer och geléiert, datt net den techneschen Deel beim PID de schwieregsten ass, mä et ass déi ganz Organisatioun vun engem Spidol op de PID anzestellen. Mir kucken awer och elo mat den anere Spideeler weiderzekommen."
D'CNS huet awer och d'Zil, datt net just hir Rechnunge vum PID ofgedeckt ginn. "Also et ass fir jidderee manner Bürokratie, fir de Patient, fir d’Dokteren an och fir eis, well mir ganz vill Informatiounen digitaliséiert kréien," esou de Christian Oberlé weider. "An Zukunft wëlle mer och kucken, fir d’Assurances complémentaires mat an de PID anzebauen. Dat heescht, et profitéiert schlussendlech jidderee vun enger Simplification administratif."
De System soll och lues a lues op aner Acteuren ausgebaut ginn, déi medezinesch Servicer ubidden an déi vun der CNS couvréiert ginn, esou zum Beispill beim Kinéen oder dem Psychotherapeut.
Mam CHL bitt elo dat éischt Spidol dëse Service un. 17 vu 40 intern Servicer si schonn informatesch ausgerëscht.
Dëst soll zu méi Transparenz an och méi Planungssécherheet fir de Patient féieren, esou d'Direktesch vum CHL. "Dat ass natierlech e grousse Virdeel fir de Patient, virun allem déi, déi chronesch krank sinn a méi oft an d’Spidol kommen, wou dat um Enn vum Mount natierlech grouss Zommen duerstelle kann. Dat soll iwwer dëse Wee fir d’Leit vereinfacht ginn a si brauchen dann och déi Zomm net méi virzestrecken."
Bis Juni sollen déi aner, dorënner och d’Radiologie an d’Urgencen, nozéien. “De Feedback ass am groussen a ganzen bei jidderengem ganz positiv,” erkläert Direktesch vum CHL. “Ob de Patient elo chronesch krank ass oder net. Déi administrativ Aarbecht fält ewech. Et brauch een net méi drun ze denken, datt ee seng Rechnung muss aschécken, well ee just nach Differenz bezilt. De Feedback ass wierklech ganz ganz positiv.”
Vereenzelt liberal Doktere schaffen an anere Spideeler mam PID-System. Den CHL ass awer deen eenzegen, deen dëse Service als Etablissement ubitt. De Feedback ass esou positiv, datt vereenzelt Patiente, souguer hir Rendez-vousen verréckelen, bis datt de PID-System an hirem Service prett ass. D’Ausnam gëllt awer bei enger Hospitalisatioun, also engem Sejour am Spidol. Hei schafft d’CNS u Solutiounen.