Et ass kuerz viru 7 Auer moies zu Nidderkuer. D’Anne-Marie Justen huet 86 Joer. Si plënnert mat engem frouen an trauregen Häerz. En ale Bam verplanzt een net. 7 Joer huet si an hirer Kummer gelieft. D’Fotoen un de Mauere goufe schonn an déi nei Kummer op Käerjeng geplënnert.
Och fir d’Leit vum Fleegepersonal ass et e speziellen Dag. Si mussen de Bewunner haut mat extra vill Feingefill zur Säit stoen.
Den Daniel Lemal ass de Chargé de direction. Säin Dag huet um 5 Auer ugefaangen. D’Plënneren haut ass just den Ofschloss vun enger laanger Viraarbecht. Réischt wann déi 150 Residenten all giess hunn a prett sinn, gi se zesummen an d’Busser bruecht. Am ganze si knapp 200 Mataarbechter um Dill. Dorënner der och, déi aus aneren Haiser zur Verfügung gestallt goufen.
Si verloossen e Gebai dat zu engem groussen Deel net méi den aktuellen Normen entsprécht. Vill Zëmmere si kleng. An hunn och just e Lavabo. Toilette an Dusch sinn op de Gäng. Net einfach, wann ee moies vill Leit matenee wäsche muss. Stau hätt et och mol virun de Lifter ginn, well de Gros vun den 150 Bewunner keng Trape ka goen.
Vill vun de Bewunner hei wieren zu Nidderkuer ganz zefridde gewiescht. Hu sech Doheem gefillt, och wa vill Zëmmer kleng waren a kee Buedzëmmer haten. Si plënneren nawell. An dat net just well dat neit Gebai den aktuellen Normen entsprécht. Mee och well an Zukunft d’Uspréch vun de Leit an hire Famillen an d’Luucht ginn.