Den Urgencendéngscht am Spidol zu Ettelbréck platzt aus allen Néit. Aktuell gëtt en ausgebaut a kritt en eegenen Héichleeschtungsscanner.

Sonndegowend zu Ettelbréck am Spidol. Et ass dat selwecht Bild ewéi a villen anere Spideeler am Land. De Wartesall vun den Urgencen ass struppevoll. Leit vun all Alter waarden drop, dass si un den Tour kommen. Déi eng sinn eegestänneg an d’Spidol komm, anerer goufe mat der Ambulanz ageliwwert.

D'Urgence zu Ettelbréck ass all Dag 24/24 Stonne am Déngscht
Um Sonndeg den Owend war de Christophe Hochard an der Urgence am CHdN

Vum Sport- an Aarbechtsaccident bis zu engem Hiereschlag. D’Panoplie u Pathologien ass grouss. Fir d’Urgencenekipp gëlt et op all Situatioun preparéiert ze sinn. An der Moyenne betreit d’Personal vum Urgencendéngscht tëscht 160 an 170 Leit pro Dag.
 

Woumadder huet d'Personal an der Urgence all Dag ze dinn?
Explikatioune vum Matthias Neitzel, Chefinfirmier vun der Urgence

 
D’Grippewell dréift zanter Wochen hiert Onwiesen. Dat gesäit een aktuell och gutt bei de Patienten, déi sech zu Ettelbréck an der Urgence mellen. D’Influenza A wär den Ament nach ganz present, esou de Matthias Neitzel, Chef vum Urgencendéngscht am CHdN.

Iwwer 40 Infirmièren an Infirmiere schaffen op dräi Schichten am Service Urgence. Moies a mëttes sinn aacht Leit am Déngscht. Nuets iwwer ass dëse Service vu véier Infirmièren/Infirmiere besat.

Op 11 Urgentiste kann de Centre Hospitalier du Nord zréckgräifen. Et sinn all Dag zwee Dokteren op dräi Schichten do, mat am Hannergrond: ee Chirurg a 14 medezinesche Spezialitéiten, wéi Kardiologie, Neurologie, a sou weider.

Aktuell stinn der Ekipp sechs Zëmmeren zur Verfügung, fir d’Patienten z’ënnersichen. Mam Zoulaf u Leit géif dëst awer hannen a vir net méi duergoen. 
 

Et feelt un Zëmmere fir d'Behandlung
Explikatioune vum Patrick Schwarz - Directeur des Soins.

 
An Zukunft gëtt zu Ettelbréck d’Zuel u "lits portes", dat sinn Zëmmeren, wou e Patient läit an d'Decisioun nach net geholl gouf, ob hien däerf heem oder nach muss am Spidol bleiwen, verdräifacht. 12 esou Better si virgesinn. 

Urgencendéngscht fir Kanner

Zanter engem Joer gëtt et och en Urgencendéngscht fir Kanner, dee vun 8 bis 20 Auer all Dag funktionéiert. Weekends sou gutt ewéi och op de Feierdeeg. "Pédiatrie de proximité" säin Numm. Hei ass een Dokter an eng Infirmière op zwou Schichten am Déngscht. 

Ausbau vum Urgencëservice zu Ettelbréck

Zanter dem Joer 2003 gëtt et de Service "Urgence" am Ettelbrécker Spidol. Si platzt aus allen Néit. Deelweis musse Patienten den Ament mat hire Better am Gank leien. Aktuell gëtt um Ausbau vum Urgencendéngscht geschafft. 300 Meter Carré sollen dobäikommen. Domadder verduebelt sech den Urgencendéngscht am Spidol. Am Juni dëst Joer soll d’Extensioun fir d’Patienten an d’Mataarbechter opgoen. An et ginn nach Neiegkeete fir dëse Service.
 

"Et kënnt en Héichleeschtungsscanner an d'Urgencen"
Dat huet den Dr. Paul Wirtgen, Direkter vum CHdN um RTL-Mikro matgedeelt.

Zukunftsmusek: "Zenter Schlasskéier" zu Wolz

D’Spidol zu Wolz gehéiert och zum Centre Hospitalier du Nord. An Zukunft sollen hei virun allem eeler Patiente betreit ginn. Vu Reeducatioun bis zur Geriatrie. E puer honnert Meter vum Spidol ewech entsteet dann den "Zenter Schlasskéier" fir déi ambulant Traitementer. 
 

Ënnerscheeder tëscht dem Spidol an dem "Zenter Schlasskéier" zu Wolz
Erklärunge vum Dr. Paul Wirtgen

 
Vum Personal aus dem Urgencendéngscht war nach gewuer ze ginn, dass virun allem méindes ëmmer méi Leit sech géifen am Service "Urgences" presentéieren. Och owes no 18 Auer wär och ëmmer méi lass ewéi daagsiwwer.