Wéi gutt si Jugendlecher op d'Geforen am Internet virbereet?

© AFP
TikTok, Instagram, Snapchat – d'Liewe vu jonke Leit spillt sech ëmmer méi am digitale Raum of.
Wéi vill Desinformatiounen, Cybermobbing oder Scams kréie si mat? Ënnert anerem dat huet de BeeSecure Radar 2025 ënnersicht, deen am Kader vum "Safer Internet Day" en Dënschdeg virgestallt gouf. D’Resultater weisen: d’Chancen an d’Risike vum Internet entwéckele sech séier an et gëtt nach vill ze maachen, fir déi Jonk besser ze schützen.
D’Zuelen aus dem Rapport si kloer: duerchschnëttlech kréie Kanner zu Lëtzebuerg tëscht 9 an 11 Joer hiren éischten Handy. Domat ass d’Lëtzebuerger Jugend fréi vernetzt an huet fräien Zougang zum Internet. Jonker tëschent 12 a 16 Joer verbréngen dobäi an der Moyenne méi wéi 4 Stonnen den Dag um Handy, béi deene méi ale sinn et der well méi wéi 5.
Fréier hätt de Mobbing an der Schoul opgehalen, haut géif et online ronderëm d’Auer weidergoen, esou d’Auteure vum Rapport. D’Ëmfro bei méi wéi 200 Schüler hätt gewisen, datt d’Affer duerch sozial Medie wéi Snapchat, Whatsapp oder Instagram sech dacks eleng gelooss géife spieren, iwwerdeems d’Täter sech an der Anonymitéit vum Internet sécher fillen. 44% vun de Jonken tëscht 12 a 16 Joer hunn zouginn, schonn Affer vu Cybermobbing gewiescht ze sinn.
Fir de Jonken an Noutsituatiounen ze hëllefen, gëtt et d’"BeeSecure Helpline", wou een anonym Hëllef a Rot siche kann. 2024 waren déi meescht Appelle vu Jonken ënner 25 Joer wéinst Affäre wéi Cyberkriminalitéit, Sexting oder Cybermobbing.
"Bei deene Jonken ass am Moment ëmmer d’Haaptthema d’"Sextorsion", dat sinn, wa Jonker erpresst ginn duerch anonym Kontakter, déi se am Internet kennegeléiert hunn, iwwer Tinder oder Snapchat oder Instagram. Am Ufank schläiche se sech hiert Vertrauen, si wëlle se dozou kréien, hinnen intim Fotoen ze schécken. Soubal se dann eng intim Foto hunn, gi se domadder erpresst an dann hätte se gäre Suen.", erkläert d'Aline Hartz, Chargée an der Direktioun vu KJT.
Sozial Medie fir Jonker ënner 16 Joer ze verbidden, esou wéi an Australien, halen déi Responsabel vu BeeSecure an dem zoustännege Ministère awer wéi et schéngt net fir dee richtege Wee. Et wier wichteg, Kanner a jonk Erwuessener mat der digitaler Welt vertraut ze maachen, mat der Begleedung vun den Elteren an dem Léierpersonal. Ee Verbuet géif do net vill bréngen, well déi Jonk et soss heemlech maache géingen.
Allgemeng huelen déi Jonk d’Offer vu BeeSecure gutt un, fënnt d’Aline Hartz: "Et ass éischter positiv ass, dass se sensibiliséiert ginn, och op der BeeSecure Helpline, wa se uruffen. Kanner a Jugendlecher soen och "BeeSecure war an der Schoul, ech hunn dat schonn héieren". Heiansdo ass et och esou: ech wosst et jo, firwat hunn ech et dann awer gemaach, oder sinn drop ragefall? D’Sensibilisatioun ass immens wichteg."
A puncto KI si sech Jonk an Al eens a mengen, dass se fir si selwer eng gutt Opportunitéit wier a keng Gefor. Op déi ganz Gesellschaft bezunn, gëtt se dogéint vun allen als Gefor wouergeholl.