Häerzinfarkt mat 14 Joer - de Luca wëll zeréck an d'Liewen
Wärend engem Futtballspill brécht de Luca zesummen. Häerzinfarkt. "De Luca hat eng immens grouss Chance", esou den Dokter Léo Gaasch aus der Kannerklinik.
Freidegmëttes, den 21.Februar: De Luca spillt mat Kolleegen aus dem Déifferdenger Jugendhaus Futtball an enger Sportshal. Et ass u sech en Dag, wéi bis ewell vill anerer och. Et ass kuerz no 15 Auer, wéi de Jong zesummebrécht. Häerzinfarkt, mat 14 Joer.
"D'Daisy huet d’Liewe vum Luca gerett"
"Wärend 25 Minutte gouf de Luca reaniméiert. Hien huet fënnef Schocke kritt, bis hien zeréckkomm ass", beschreift eng ganz emotional Mamm d’Situatioun vun hirem Jong. Dem Luca seng Mamm war just vun der Schaff erëm, wéi si en Telefonsuruff kritt huet. Am Ufank huet d’Mamm gemengt, hire Fils hätt mol nees eppes gebrach. Ewéi schonn esou dacks. Just déi Kéier war et vill méi schlëmm. "Seng Educatrice, d’Daisy, dat léift Daisy, huet direkt richteg reagéiert. Si huet direkt masséiert an esou d’Liewe vum Luca gerett."
Zanter e puer Wochen ass d’Kannerklinik dat neit Doheem vum Luca a senger Mamm, dem Filipa. Um éischte Stack hu Mamm a Jong en Zëmmer. De Luca spillt an de Scolaires beim FC Déifferdeng 03. Hien ass e Futtball-Geck. De Futtball bestëmmt säi Liewen.
"Ech kréie vill Besuch", esou e ganz begeeschterte Luca. "Mäi Bop a meng Bom kommen all Dag laanscht. Mat mengem Bop ginn ech all Dag Kicker spillen. An ech kucke gäre Fussball um Fernsee". Hie wier frou, si all Dag ze gesinn.
Benfica ass dem Luca säi Liiblingsclub. "Meng ganz Famill ass fir de Sporting. Ech sinn den eenzegen, deen zu Benfica hält", erkläert de 14 Joer jonke Luca.
Op meng Fro, wien da säi Liiblingsfussballspiller wär, äntwert de Luca "Cristiano Ronaldo a Neymar". A no kuerzer Iwwerleeung "Otamendi", de Kapitän vu Benfica Lissabon. Dobäi straalt de Luca iwwer dat ganzt Gesiicht.
"A mengem Kapp war kee Chaos, mee vill Froen"
"Et war ganz, ganz schlëmm. Ech wousst net op de Luca dat géif iwwerliewen, oder net. Ech hu mir ganz vill Froe gestallt, wéi et mat mengem Jong weidergeet", seet dem Luca seng Mamm Filipa.
Bis op zwee Deeg, war dem Luca seng Mamm nach déi ganzen Zäit bei hirem Jong am Spidol. "Hien huet ganz vill Energie. Ass e klenge Wibbeldewapp."
"Fussballprofi wéilt ech am Léifste ginn", erzielt de Luca seng Begeeschterung fir de ronne Ball. "Ech hoffen, dass ech geschwënn nees kann op den Training." Den 20.Mäerz gëtt de Luca zu Bréissel am Spidol Saint Luc operéiert. Hie kritt eng Zort "Pacemaker" agesat.
Dem Luca säin Häerz war aus dem Rhythmus geroden. Fir dëst an Zukunft ze verhënneren, kritt de Jong en Defibrillator agesat.
"Schlofe kann ech net gutt", erzielt de Luca weider. Op meng Fro wisou, kënnt et ewéi aus der Flënt: "Well meng Mamm schnaarcht ze vill", esou de Luca. Doprop musse Mamm a Jong vun Häerze laachen.
"De Luca hat immens grouss Chance"
Den Dokter Gaasch weess, dass de Luca bei sengem Häerzinfarkt ganz vill Chance hat. "Hie war net eleng an d’Leit ronderëm hien hunn direkt reagéiert. Richteg reagéiert", esou den Dokter aus der Kannerklinik, de Léo Gaasch. "Sou eppes wat dem Luca geschitt ass, ass eppes wat mir hei zu Lëtzebuerg an och soss an der Welt net dacks gesinn", erkläert den Dokter dem Luca seng Krankheet.
"Deen Niveau vu Sport, deen de Luca mécht, ass gutt. Ass eppes wat hëlleft. Deen Infarkt, deen de Luca gemaach huet, huet näischt mam Sport ze dinn. De Luca hat einfach Pech. Bei him ass et genetesch bedéngt", esou den Dokter weider.
De Luca a seng Mamm, d’Filipa, hu sech iwwer eise Besuch gefreet. Allen zwee falen dem Kameramann a mir zum Schluss an d’Äerm an drécken eis fest.
Mir soen eis Äddi mam Verspriechen, de Luca no senger Operatioun bei RTL z’invitéieren an him d’Studioen an d’Büroe vun RTL ze weisen. "Wow, dorobber freeën ech mech!", esou de Luca, ier de Kameramann René an ech an de Lift klammen.