A1 erëm opAccident tëscht Auto a Moto e Freideg géint 15.45 Auer

RTL Lëtzebuerg
Accident tëscht Auto a Moto op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz tëscht der Opfaart Sandweiler/Hamm (Iergäertchen) an dem Tunnel Houwald.
© Domingos Oliveira

D’Autobunn war wéinst dem Accident e Freideg am Nomëtteg komplett blockéiert. Et hat sech e Stau vun e puer Kilometer forméiert.

Kuerz viru 17 Auer war den Accident geraumt an zanterhier rullt den Trafic erëm.

Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt. D’Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper goufen an den Asaz geruff, grad ewéi d’Stater Ambulanz an den SAMU.

Back to Top
CIM LOGO