De Premier Luc Frieden koum eréischt als leschte Riedner op d’Bün an der Däichhal. Dat weltwäit Ëmfeld géing sech grad fundamental änneren, sou de Premier. An de Sëtzungen zu Bréissel an zu Paräis géing den Ament Geschicht geschriwwe ginn. Zu Lëtzebuerg wier awer de sozialen Zesummenhalt an de respektvollen Ëmgang nach besser, wéi dat an anere Länner de Fall wier.
Relativ séier ass de Premier dann zum Sujet vun der Ekonomie komm. “Wettbewerbsfäegkeet heescht, dass mer d’Betriber net iwwerstrapazéiere mat Reegelen”, sou de Luc Frieden. Et misst een hei de richtegen Equiliber fannen, dat an Europa an zu Lëtzebuerg. Wann een dann eng staark Ekonomie hätt, kéint een och e staarke Sozialstaat hunn. D’Liewe vun der Bevëlkerung hätt awer geännert, an dofir wier d’Zil elo Upassungen ze maachen. Dëst géing ënner anerem duerch eng Moderniséierung vum Aarbechtsrecht an dem Pensiounswiese geschéien. “Mer maache keng Revolutioun, mee eng gutt iwwerluechten Evolutioun”, sou de Premier. Beim Punkt vum Natur- a Klimaschutz, sou wéi den erneierbaren Energië sot hien dann, dass et wichteg wier e pragmatesche Mëttelwee ze fannen. Dofir wier d’CSV gewielt ginn.
“Mir liewen an enger Welt, wou een d’Gefill huet, d’Welt géing op der Kopp stoen”, sot de Fraktiounspresident Marc Spautz, an huet op d’Politik vum US-President verwisen. Grad elo wier et wichteg, dass d’Land géing op eegene Féiss stoen, an net just Trittbrettfahrer vun der amerikanescher Verdeedegungspolitik wier. Weider huet hien op eng onstabil Politik an Europa higewisen, wou d’Populisten an eisen Nopeschlänner ëmmer méi Support kriten. Lëtzebuerg hätt hei déi eenzeg Regierung, mat enger stabiller Majoritéit.
“Wat musse mer maache, dass déi traditionell Parteien nees kloer definéierbar sinn”, freet de Marc Spautz. Och seng Partei hätt d’Aufgab sech ze hannerfroen, an eng Walanalysen ze maachen. Dat och wat d’Resultater vun den Europawalen ugeet. Schliisslech wier d’CSV eng Europapartei par excellence.
“Eemol Gewerkschaftler, ëmmer Gewerkschaftler”, sot de Marc Spautz, wou en dunn awer zu de Sujete vun dem Sozialdialog an der Sonndesaarbecht komm ass. Hei huet hie wësse gedoe, dass hien net mat alle Punkten averstane wier, déi de Premier an den Aarbechtsminister wëllen diskutéieren. D’Generaliséierung vun der Sonndesaarbecht, wéi an den Avise vun der Chambre de commerce an der Chambre des Métiers, wieren e Réckschrëtt. “Ech wëll dee Wee net goen, well ech der Meenung sinn, dass et de falsche Wee ass”, sou de Marc Spautz, dee vum Publikum applaudéiert krut.
Eng 500 CSV-Memberen haten de Wee an d’Däichhal op Ettelbréck fonnt.