PoliceFestnam no schwéierer Kierperverletzung um Kierchbierg, Mann am Neiduerf no Mord-Menacen festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf der Police an enger Struktur fir Persounen, déi internationale Schutz ufroen, ee Mann gemellt, dee vu sech war.
© Laurent Weber

D’Beamte sinn direkt bei hie gaangen an hunn d’Rettungsdéngschter alarméiert. No den éischten Informatioune war et virdrun zu enger Ausernanersetzung tëscht dem Affer an engem anere Mann komm. Dobäi gouf d’Affer liewensgeféierlech blesséiert. De Verdächtege konnt och op der Plaz ugetraff ginn. Hien huet um Donneschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Am Neiduerf gouf an der Nuecht e Mann festgeholl, nodeems hien engem anere Mann mat Mord gedreet hätt. D’Police huet bei him e puer Messere fonnt a saiséiert. De Verdächtege muss virun den Untersuchungsriichter kommen.

Back to Top
CIM LOGO