Mam "Flying-Schengi" duerch d'Gemeng fléien a Kamelle mat Hopp- a Malzgoût? Um 1. Abrëll ass villes méiglech. Mir hunn déi bescht Gecken zesummegesicht.

En Dënschdeg huet sech fir den 1. Abrëll net nëmmen d'RTL-Onlineredaktioun ee klenge Spaass erlaabt. An de soziale Medie gouf et nach eng Rei aner Abrëllsgecken, déi d'Ronn gemaach hunn.

De "Flying-Schengi"

D'Gemeng Schengen huet op Facebook een neien Helikopter-Taxi annoncéiert. Fir d'Awunner soll et deemno méiglech sinn, de "Flying-Schengi" iwwert d'App ze bestellen an ënnerwee esouguer mat engem Cremant verwinnt ze ginn.

De "Wäipool"

An der selwechter Gemeng huet och d'Domaine Henri Ruppert eng Neiheet annoncéiert. Wie sech ëmmer schonn emol gewënscht huet, am Wäin ze schwammen, dee soll elo seng Ronnen am sougenannte "Wäipool" dréine kënnen.

Béier-Kamellen

Fir déi Léit, deenen d'Schwammen am Wäin näischt seet, si vläicht déi nei Béier-Kamelle vu Battin eppes. Als nei Innovatioun huet déi lëtzebuergesch Béier-Brauerei Kamelle mat 100 Prozent natierlechem Hopp- a Malzgoût annoncéiert.

Gedrénks- a Snack-Automaten an der Minn

D'Visiteure vum Musée National des Mines de Fer zu Rëmeleng solle sech da vun elo un och op nei Automate mat Gedrénks a Snacken op véier verschiddene Plazen uechter d'Minn freeë kënnen. Donieft sollen an deenen nächsten Deeg nach zwou Fotellen installéiert ginn.

Trounwiessel net den 3. Oktober?

D'Kolleege vu wort.lu hunn dann en Dënschdeg de Moie gemellt, datt den Trounwiessel vum 3. Oktober op ee spéideren Datum verluecht soll ginn, dat well de selwechten Dag an Däitschland schonn den "Tag der Deutschen Einheit" gefeiert gëtt.

Lëtzebuergesch Landwirtschaftsministesch op Bréissel

Net schlecht gekuckt huet d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen en Dënschdeg de Moien. An der Zeitung huet et geheescht, si wier als nei riets Hand vum EU-Agrarkommissär Christophe Hansen op Bréissel beruff ginn.

Mam Auto-Lift d'Kanner ofsetzen

Wéi d'Regional Maacher Musekschoul matgedeelt huet, soll et vun elo u fir d'Elteren d'Méiglechkeet ginn, am Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher mam Auto de Lift ze huelen, fir hir Kanner nach méi séier an d'Course vun der Museksschoul ze bréngen.

RTL

© Regional Maacher Musekschoul

Gesiichtserkennung amplaz PIN-Coden 

Op den neie Bancomate vun der Spuerkeess soll vun elo u kee PIN-Code méi gebraucht ginn. Duerch eng nei Gesiichtserkennung soll ee Bléck an d'Kamera duergoen, fir Suen opzehiewen.

De Retour vun der Melusina?

De Luxembourg City Tourist Office huet op Facebook eng Foto gedeelt, déi vun Jogger aus de fréie Moiesstonnen erageschéckt gouf. Dorop ze gesinn: D'Melusina an der Uelzecht nieft der Abtei Neimënster. No kuerzer Zäit wier si dann awer rëm ënnert der Waasseruewerfläch verschwonnen...

De Muppebus

Demy Schandeler huet dann annoncéiert, datt vun elo un en neien exklusive Muppebus op de Stroossen ënnerwee ass. Fir d'Véierbeener waart ënner anerem jeeweils ee gemittlechen Hondskuerf mat individuelle Leckerlien a Waasserstatioune "fir de beschte Confort".

RTL

© Demy Schandeler / Screenshot

Schnéi zu Maarnech

De Philippe Ernzer vu Météo Boulaide huet bei der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech e ferme Schnéistuerm gemellt. Fir Snowboard ze fueren ass et dann awer net grad duergaangen...

Waasser aus der Kläranlag

D'Ofwaassersyndicat SIDERO vu Miersch huet op Facebook annoncéiert, datt et vun elo un dat neit "SIDERO-Waasser" ze kafe gëtt, an dat "mat gehäerztem Goût" direkt aus der Kläranlag.

"Rond Point BBC Résidence Walferdange"

Aus Walfer heescht et, datt de Rond Point des Roses, offiziell an de "Rond Point BBC Résidence Walferdange" ëmbenannt gëtt. De Basketveräin feiert hei ëmmer seng Coupe- a Championstitelen an huet dofir elo och eng Skulptur a Form vun engem gëllene Basketball an d'Mëtt vum Rond-Point gestallt.

D'Pâtisserie Hoffmann zu Monaco?

Op Facebook huet d'Pâtisserie Hoffmann eng Foto aus Monaco mat der Ënnerschrëft "Coming soon..." gedeelt. Ginn et op der franséischer Côte gläich lëtzebuergesch Mëtschen a Bréidercher ze kafen?

Präisser jee no Gewiicht vum Client

De Restaurant Madame Witzeg vum Belval huet dann en neit dynamescht Konzept fir ze bezuelen agefouert. Jee no Gewiicht vum Client gëtt et eng Remise, en Oppräis oder ee gratis Dessert. Fir d'Leit tëscht 50 a 70 Kilo ännert sech deemno awer näischt...

Instant-Béier

D'Brasserie Simon huet sech hirersäits eppes afale gelooss, wat wuel jidderee gefreet hätt, deen net gär Béierfläsche schleeft an trotzdeem net op e kille Béier wëll verzichten. Ma den Instant-Béier gëtt wuel esou séier keng Realitéit.

Hu mir een Abrëllsgeck verpasst? Da schéckt eis e gär eran op red@rtl.lu.