Berichter doriwwer, datt de Grand-Duc ronn 4 Milliarden Euro schwéier soll sinn, huet den Haff rezent dementéiert.

Wéi räich ass déi groussherzoglech Famill? Déi Fro gouf rezent nees diskutéiert, nodeems auslännesch Medie bericht haten, d'Verméige vum Grand-Duc Henri géing sech op ronn 4 Milliarden Euro belafen. Um Méindeg hat den Haff déi Zuel dann an engem Pressecommuniqué dementéiert: Et wier een Amalgamm tëscht dem private Familljebesëtz an dem historesche Patrimoine, deen dem Staat gehéiert, gemaach ginn. Wéi vill Suen déi groussherzoglech Famill wierklech huet, gëtt mat Verweis op d'Privatsphär awer net verroden.

Et kann ee se zwar froen, ma och d'Spigelen am Palais verroden engem net, wien dee räichste Royal vun der Welt ass oder wéi vill déi groussherzoglech Famill da lo um Kont hunn. Wann een dem Haff gleewen dierf, sinn et op alle Fall vill manner wéi déi 4 Milliarden Euro, iwwert déi rezent an auslännesche Medie riets goung. Dem Staatschef gehéieren nämlech laang net och all d'Gebaier, déi hien notzt. Sou ass de Staat zum Beispill esouwuel Proprietäre vum Palais an der Stad, wou de Grand-Duc Henri schafft an zum Beispill auslännesch Staatsgäscht empfänkt, wéi och vum Schlass Bierg zu Colmer-Bierg, wou de Grand-Duc wunnt. D'Schlass zu Fëschbech, wou aktuell nach den Ierfgroussherzog Guillaume mat senger Famill wunnt, gehéiert par Konter der groussherzoglecher Famill. Nom Trounwiessel am Oktober wäerten de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa an dës Raimlechkeete plënneren. Den Ënnerhalt vum Fëschbecher Schlass gëtt vum Staat iwwerholl.

Wéi héich dem Grand-Duc seng Pai ass, ass iwwerdeems net ganz kloer. Fir d'Joer 2024 waren am Budget vun der Maison du Grand-Duc fir de Posten "Dotation à la famille grand-ducale" ronn 820.000 Euro virgesinn. Am Ganze louch de Budget vun der Maison du Grand-Duc bei méi wéi 22 Milliounen Euro. An der Vergaangenheet hunn d'Finanze vum Haff ëmmer nees fir Diskussiounen an deels och fir Opreegung gesuergt. Zum Beispill 2006, wéi grouss Deeler vum Gréngewald a Bijoue vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte verkaaft sollte ginn. Wärend d'Vente deemools ofgeblose gi war, goufen 2014 effektiv Géigestänn aus dem Besëtz vun der Fra vum Grand-Duc Jean versteet.

D'Verméige vun der groussherzoglecher Famill ass och dowéinst schwéier ze schätzen, well den Inventaire dovunner, wat dem Haff a wat dem Staat gehéiert, nach ëmmer net fäerdeg ass. Dat betrëfft zum Beispill eng Partie Tableauen. Ma och wa keng genee Zuele bekannt sinn, eppes steet fest: Dat neit Haus um Terrain vum Schlass zu Colmer-Bierg bezilt den Ierfgroussherzog Guillaume aus der eegener Täsch. Ob mat oder ouni Prêt, ass awer net gewosst.