Et huet sech ëm de Fluch LG6992 gehandelt, dee géint 8.40 Auer zu Mailand gestart war an op de Findel sollt fléien.

Dat huet d'Fluchgesellschaft eis op Nofro hi confirméiert. No kuerzer Zäit hunn d'Pilote vun der Maschinn vum Typ De Havilland Dash 8-400 dunn awer decidéiert, zu Genf an der Schwäiz ze landen. Dëst wier eng reng Precautiounsmesure gewiescht, heescht et vu Luxair an zu kengem Moment hätt eng Gefor fir d'Sécherheet vun den 69 Passagéier bestanen.

D'Clientë wiere betreit ginn a wieren alleguer e Méindeg den Owend op Lëtzebuerg bruecht ginn. Wat genee de Problem war, deelt d'Airline net mat.